Méindes-Update: Mir kucken eis déi neist stiermesch Berechnungen un

Gudden Owend! Wéi gesot, kucke mir eis elo all Dag déi eenzel Berechnungen a Saache méigleche Stuermstéiss un. Hei fannt Dir de neiste Stand.

Advertisement

Advertisement

E puer kleng Ännerungen

Et ass Méindenowend, also erëm héich Zäit eis e neien Iwwerbléck zu der méiglecher stiermescher Period ze verschafen. Mir kucken eis wärend dësem Prozess all Dag déi neist Berechnungen dozou un a bewäerten, wéi een Zenario am warscheinlechste kann bei eis antrieden.


D’Grousswiederlag fir Enn der Woch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

D’Grousswiederlag ass awer kloer: Mëtt der Woch installéiert sech e grousst Héichdrockgebitt iwwert den Azoren/dem ëstlechen Atlantik, iwwerdeems sech e groussen Déifdrockkomplex iwwert de Nordatlantik & de skandinavesche Raum leet. Dotëscht hu mir e Beräich mat immens grousse Loftdrockënnerscheeder, an dem sech d’Haaptgeschéie wäert ofspillen. Enn der Woch geréit Lëtzebuerg genee an dëse “Kanal”/dës Déifdrockstrooss, wat op alle Fall mol e stramme Wand ze bedeiten huet. Wéi stramm, dat kucke mir eis elo erëm der Rei no un.

Wat soen d’Modeller haut?

Den amerikanesche Wiedermodell GFS bleift, wat déi zäitlech Agrenzung ugeet, dobäi, dass et an der Nuecht op de Freide wuel am lëftegsten/stiermeschste gëtt. Berechent gi Vitesse vun tëscht 70 an 80 km/h an de Spëtzten. Och e Freide selwer soll de Wand weiderhi stramm ënnerwee sinn, dat mat Wäerter vun tëscht 50 a 70 km/h. Iwwert de Weekend gekuckt muss deen de Prabbeli ëmmer nach méi fest unhalen, well zäitweis ëmmer nach Vitesse bis ëm 65 km/h kënnen optrieden.


Déi momentan Berechnung vum amerikanesche Modell GFS | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell weist sech weiderhin zimmlech stiermesch – a bleift och dobäi, dass eis de stäerkste Wand wuel an der Nuecht op e Freiden usteet. Tëscht 75 a 90 km/h gi simuléiert, och e Freide selwer kënnen heiansdo mol nach 70 km/h erreecht ginn. Iwwert de Weekend kënne weiderhin tëscht 55 an 75 km/h erreecht ginn – mir sinn also net all ze wäit ewech vum amerikanesche Modell.


Déi momentan Berechnung vum europäesche Modell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Mëttlerweil kënne mir eis och d’Berechnunge vum däitschen ICON-EU ukucken. Wéi déi aner Modeller och rechent en, dass et am Laf vum Donneschden ëmmer méi lëfteg gëtt. Fir d’Nuecht op e Freide gëtt erëm de Peak berechent, dat mat 70 bis 90 km/h. Wärend dem Freide soll et a Richtung Owend kontinuéierlech manner lëfteg ginn. De Weekend iwwer bleift et lëfteg, et sollten awer keng 70 km/h méi erreecht ginn.


Déi momentan Berechnung vum däitsche Modell ICON-EU | Grafik: wxcharts.com

De franséische Modell ARPEGE rechent vum Donneschdenowend un mat Wandspëtzte vun ëm 75 km/h, um spéideren Owend ass dann awer och mol e Peak bis op 80 km/h net ausgeschloss. Am Laf vum Freide géif sech och dësem Modell no de Wand no a no leeën.


Déi momentan Berechnung vum franséische Modell ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

De Fazit

Dem momentane Stand no si vum Freidenowend un Wandvitessen vun tëscht 60 an 80 km/h duerchaus realistesch. Well et nach e bësse bis dohin ass, hoffe mir also, dass sech déi méi kräfteg Berechnunge net awer nach duerchgesat kréien – dat wier nämlech bei dëser Grousswiederlag net komplett onméiglech. Ech halen Iech weiderhin um Lafenden.