Mëttelfrist: E Méinden minimal Warscheinlechkeet fir wanterlecht Wieder

Déi eng hätten am léifste gären direkt Summer, déi aner hoffen awer dass de Schnéi nach eng Kéier erëmkënnt – a fir genee déi kéint de nächste Méinde fläit eng kleng Chance bestoen.

Advertisement

D’Situatioun

En Déifdrockgebitt, wat Enn der Woch mat sengem Kär am Raum vun de britteschen Inselen läit, soll sech den aktuelle Modellrechnunge no fir e Méinden méi a Richtung Osten beweegen – also op eis duer. Domat kéime mir ënnert den Afloss vu méi kille Loftmassen, déi eis dem Wanter erëm géifen e gutt Stéck méi no bréngen. Wéi kill dës Loftmasse wäerte sinn, dat gëtt vu Modell zu Modell nach ënnerschiddlech berechent. Dëst entscheed awer am Endeffekt driwwer, ob et einfach nëmme just kal a reenereg ass – oder ob et awer fir déi eng oder aner Flack duergeet.


De viraussiichtlechen Temperaturverlaf fir déi nächst Woch | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell ass där Meenung, dass et wärend dem Méinden zu Schauere kënnt. Op den héchste Koppe wieren eenzel Flacken dobäi, soss wier et meeschtens Reen. Den amerikanesche Modell rechent d’Loftmassen an Tëschenzäit net méi grad esou kill a gesäit, dass d’Nidderschléi gréisstendeels als Reen sollen erofkommen. No dësen Zeilen wier och nach unzemierken, dass d’Chancen fir relevant Schnéifäll an de Modellleef aus de leschten Deeg tendenziell zréckgaange sinn. Dat muss esou laang virdrun zwar nach net all ze vill heeschen, mee et sollt ee sech op alle Fall net an d’Iddi vun engem nennenswäerte Wanter-Comeback verléiwen.