Trotz dem Reen: Geschwënn klammen d’Temperaturen op 10°C a lok. driwwer

Vun der nächster Nuecht u mécht sech de laang ugekënnegte Reen iwwert eis breet. Dat hënnert eis Temperaturen awer net drun, deemnächst nach e gutt Stéck ze klammen.

Advertisement

Ongemittlecht Wieder mee mëll Temperaturen, wéi erkläert sech dat?

Alles hänkt dovun of, wéi déi eenzel Drockgebitter iwwert dem Kontinent verdeelt sinn. Bis en Donneschde verleeft mol nach eng zimmlech riicht Loftmassegrenz iwwert dem nërdlechen Deel vu Mëtteleuropa, bei där mir awer ganz däitlech op där méi mëller Säit leien. Wanterlech Entwécklunge mat Schnéi a méi markantem Frascht ginn et also just ongeféier vum 50ste Breetegrad un, mat Ausnam vun den Alpen natierlech. Wat Lëtzebuerg betrëfft leie mir souwisou schonn an engem liicht ze mëlle Beräich, dat ännert sech bis dohin also net.


D’Loftmassentemperaturen e Freidenowend, ier et dann lues a lues ëmschléit | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Vum Freiden un ass dat awer e bëssen anescht: Knapp südlech vun Irland läit en Déif, wat sech weider verstäerkt. Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen, ginn an dësem Fall kuerz nach méi mëll Loftmassen an eis Géigenden “geschleidert”. Spéitstens vum Sonnden/Méinden un ass domat awer erëm Schluss.

A well et sech heibäi ëm Déifdrockgebitter mat Kalfronten handelt, reent et wärend den ze mëlle Phasen.

Wéi héich klammen d’Temperaturen dann?

Fir den Dag vu muer, de Mëttwoch, si Maximaltemperature vun tëscht 7 a 9 Grad ze erwaarden. En Donneschde si mir mat 9 bis 11 Grad ënnerwee, punktuell kënne laanscht den äusserste Südoste vum Land och 12 Grad net ausgeschloss ginn. Fir e Freide gesäit den europäesche Modell d’Warscheinlechkeet fir 10 bis 13 Grad op ville Plazen am Land, ganz am äusserste Südosten sinn och 14 Grad net onméiglech. Den amerikanesche Modell gesäit dat Ganzt mat grad emol 10 Grad méi konservativ, den däitsche Modell ICON-EU ass mat engem Maximum vun 12 Grad dobäi.

De Weekend gëtt et a klenge Schrëtt manner mëll. Virun allem vum Méinden un erwaart eis viraussiichtlech erëm e méi nennenswäerte Réckgang.