ESSL: 872 registréiert Tornadoen am Joer 2023 an Europa

Am vergaangene Joer goufen et 872 confirméiert Fäll vun Tornadoen um europäesche Kontinent.

Advertisement

Tornadoe sinn an Europa net esou rar

Um europäesche Kontinent ginn et méi Tornadoen wéi déi meescht Leit denken. Am Joer 2021 waren et der 937 an am Joer 2022 waren et 799. Elo huet sech den European Severe Storms Laboratory mat de neisten Donnéeën aus dem Joer 2023 gemellt – dës Kéier waren et 872 Tornadoen, déi an hir European Severe Weather Database agedroe goufen.

Vun dësen 872 Tornadoen waren der 599 sougenannt “Water Spouts”, also Tornadoen iwwer Waasser. Tornadoen iwwer Land goufen 261 gezielt, iwwerdeems an 12 weidere Fäll net bekannt ass, iwwert wéi engem Gelänn den Tornado ugaangen ass.

42 vun den Tornadoen haten eng Intensitéit vun IF0, 13 IF0,5, 69 IF1, 13 IF1,5, 14 IF2 an 3 IF3. Déi aner 718, also 80% vun alle bekannte Fäll, konnte net klassifizéiert ginn. Am Joer 2023 sinn duerch d’Tornadoen 3 Persoune gestuerwen, iwwerdeems 195 Persoune blesséiert goufen.

Huelen Tornadoen zou?

Dat ass eng Fro, déi ëmmer nach zimmlech schwéier ze beäntferten ass. Se ginn nach net all ze laang op professioneller Basis registréiert – mat dobäi kënnt, dass an de leschten 20 Joer ëmmer méi Leit Zougrëff zu ëmmer méi modernen Handyen/Smartphones kruten, mat deene logescherweis och ëmmer méi Fotoe vun Tornadoe konnte gemaach ginn. Wa mir bis op d’Joer 2006 zréckginn, dann zeechent sech e schwankend Bild of. Dës Grafik weist d’Tornadoen (iwwer Land) zanterdeems bis 2023. 2017 war also dat aktivst Joer zanter 2006. Kuckt een dann d’Entwécklung vun 2006 bis 2011, da gesäit een en änleche Réckgang, wéi mir en och de Moment zanter 2017 erliewen. Et ass also de Moment méi um Schwanken, wéi dass een an zanter 2006 e festen Trend ka festleeën.


Grafik vun den Tornadoen, déi zanter 2006 iwwer Land opgetruede sinn | Screenshot: ESSL

Dobäi muss awer och nach gesot ginn, dass dës Datebank just déi Tornadoen beinhalt, déi och wierklech observéiert a gemellt goufen. Et gëtt also eng gréisser Donkelziffer u Fäll, déi ni een matkritt huet. Opgrond vun der Äerderwiermung kann an Zukunft awer méi Fiichtegkeet vun der Atmosphär opgeholl ginn, wat dozou féiert, dass den Onwieder méi Energie zur Verfügung steet – ob sech dat och op d’Tornadoen auswierkt, fanne mir wuel eréischt an enger Partie Joren eraus.

Wat ass d’IF-Skala?

Fir d’Intensitéit vun den Tornadoen ze ermëttelen, ginn et an Tëschenzäit déi verschiddenst Methoden. Déi gängegst Skala war vill Jore laang (zanter 1971) d’Fujita Skala, déi vun F0 bis F5 geet. Duerno, am Joer 2007, huet sech d’EF (Enhanced Fujita Scale) no a no duerchgesat. Dës bezitt sech nach méi genee op d’Schuedensbild, wat duerch den Tornado entstanen ass.

Dës Skalen sinn allerdéngs all un d’Bauweis vun den Amerikaner ugepasst, esoudass mir hei an Europa op nach aner Skalen zréckgräifen. Eis Haiser si meeschtens däitlech méi stabil gebaut, wouduerch an Däitschland, Eisträich an och der Schwäiz d’TORRO-Skala an den Asaz kënnt. T0 beschreift Vitessen vun tëscht 65 a 90 km/h, se geet bis T11, wat Vitessen vun 468-515 km/h beschreift. Se ass also vill méi “héich opgeléist” wéi déi vun den Amerikaner an et ka besser tëscht der verschiddensten Intensitéiten ënnerscheed ginn.


Grafik: Deutscher Wetterdienst (DWD)

Eng weider Skala, déi oft a Kombinatioun benotzt gëtt, ass dann eben d’IF-Skala (International Fujita Scale). Dës gëtt vum European Severe Storms Laboratory (ESSL) esouwéi och ënnert anerem den däitschen a spuenesche Wiederdéngschter benotzt. D’Iddi ass, d’Skala op internationaler Basis unzewenden, well se der Bauweis vun de Gebaier upassbar ass – dat duerch festgeluecht Codes a Klassen. Eng ausféierlech Dokumentatioun dozou fannt Dir hei.