Mëttelmierraum: Bis de Mëttwoch lokal erëm bis zu 200 l/m² Reen ze erwaarden

Iwwert dem Mëttelmierraum forméiert sech an de nächste Stonnen en Déifdrockgebitt, wat fir vill Reen suerge wäert. Modellrechnunge no kënne plazeweis méi wéi 200 l/m² erofkommen.

Iwwert dem Mëttelmierraum forméiert sech en Déifdrockgebitt, wat kal Loftmassen iwwert dat verglächsweis waarmt Mëttelmier schéckt. Et forméiere sech en immens grousst Reegebitt, wat plazeweis immens zolitt Reequantitéite generéiere kann. De Kär vum Déif soll sech vu Marseille aus iwwert de Norde vun Italien verlageren, ier et de Mëttwoch iwwer Kroatien verschwënnt. Den Aflossberäich vun dësem Déif ass awer bei wäitem méi grouss wéi ee menge kéint.


Esou beweegt sech d’Onwieder-Déif iwwert de Mëttelmierraum | Animatioun: wxcharts.com

Italien

Op Sardinien rechnen d’Wiedermodeller bis de Mëttwoch inclus mat Reequantitéite vun tëscht 40 an 100 l/m² an der Spëtzt. Fir de Rescht ass och de Stiwwel vun Italien zu engem Groussdeel vu markante Nidderschléi betraff – gréisser Zommen sinn och erëm ronderëmt Roum ze erwaarden esouwéi awer och zu Neapel an südlech dovun.


Déi berechent Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus vum däitschen ICON-Modell | Grafik: wxcharts.com

E weideren Hotspot kéint dem däitschen ICON Modell no och Venedeg ginn, de Modell rechent mat bis zu 210 l/m² Reen bis de Mëttwoch inclus – de Gros dovun soll esouguer schonn bis den Dënschdenowend spéit erofkommen.

Balkan

De westleche Balkan bleift vun dësem Onwieder-Déif net verschount. Bis de Mëttwochowend inclus reent et vu Griicheland aus iwwer Albanien, Montenegro, Bosnien a Kroatien un de Küsten tëscht 50 an 100 l/m². Méiglech Hotspots kéinten de Nordweste vun Albanien an och déi albanesch Grenz zu Griicheland sinn: berechent ginn deels bis zu 150 l/m² Reen.

Groussflächeg Stuerm ze erwaarden

Net ze vergiessen ass och de Wand. Vum spéidere Méindenowend u wäerten Orkanstéiss asetzen, déi sech no a no iwwert dem Gros vum Mëttelmier ausbreeden. U Land heescht dat also, dass et un de Küsten an och op den Erhéijungen zu zolitte Wandstéiss komme wäert, dat mat Vitesse vun tëscht 100 an 120 km/h an de Spëtzten.


De ville Reen gëtt vu Wandstéiss mat Orkanstäerkt begleet | Grafik: wxcharts.com