Nach zwou Kalfronten: Den Update zu de Reequantitéite bis de Sonnden

Eng Waarmfront suergt haut fir déi gro Wolleken an och Gefisems, op de Koppe sinn och Schaueren ënnerwee. E Freiden an e Sonnde kréie mir et mat Kalfronten ze dinn, déi eis nach eng Kéier Reen bréngen. Mee wéi vill kënnt erof?

Advertisement

D’Grousswiederlag

Natierlech musse mir e Bléck op d’Gesamtbild geheien, ier mir eis op dat klengt Lëtzebuerg fixéieren. Den Atlantik weist sech weiderhin immens déifdrockaktiv, iwwerdeems aus dem Mëttelmierraum ëmmer erëm mol héije Loftdrock an eise Géigenden opdaucht – duerchsetze kann e sech just ni.


D’Kalfronten, déi eis bis e Sonnden inclus erwaarden | Animatioun: wxcharts.com

Duerch dës Mëschung ass et engersäits ze waarm fir d’Joreszäit, anerersäits gëtt et awer och nach zäitweis naass.

Wat seet de Reen?

Ofgesi vum Dag vun haut hu mir haaptsächlech e Freiden an e Sonnden erëm mat méi groussflächege Nidderschléi ze dinn. Och dotëscht kann et mol nach e bësse nass ginn, mee dat betrëfft viraussiichtlech nach laang net jiddereen. Fir e Freiden dëschen eis d’Modeller op, dass de Reen am Laf vum Virmëtten de Wee op Lëtzebuerg fënnt, fir sech dann am Laf vum Owend erëm aus dem Land ze verzéien. E Sonnden soll eis de Reen eréischt vum fréie Nomëtten un aus westleche Richtungen erwaarden, spéitstens bis an de fréie Méindevirmëtte sollt e sech verzunn hunn.

Dem Gros vun de Modeller no sollen e Freiden tëscht 1 a 4 l/m² erofkommen, fir e Sonnde kann et op tëscht 5 an 11 l/m² erauslafen. Dës Wäerter sinn awer nach net grad definitiv, well et virun allem bis e Sonnde jo nach e bëssen dauert. Egal wéi, si se net d’Welt – mee fir e vereenten Dag gi se duer.