An der Meteorologie ass net ëmmer alles esou einfach – an dësem Fall fir e Méinden. Reenereg, oder awer e Mix aus Sonn a Wolleken?
Advertisement
D’Situatioun
Ufanks der neier Woch beweegt sech aus den Alpen eraus en Déifdrockgebitt an zitt a nordwestlech Richtungen. Dëst Déif entscheet doriwwer, wéi d’Wieder e Méinden zu Lëtzebuerg wäert verlafen. Zumools dem amerikanesche Modell no kéint den Dag e richteg verreente ginn.
D’Léisung vum amerikanesche Modell
Wéi gesot ass d’Situatioun jo déi, dass aus dem Alperaum eraus en Déifdrockgebitt eropgezu kënnt – dëst gëtt vun alle Modeller esou berechent.
Just dem amerikanesche Modell no soll sech e Nidderschlagsgebitt op Lëtzebuerg duerbeweegen an dann duerch d’Dréibeweegung vum Déif ënner weidere Reen geroden. Doduerch kéinten e Méinden bis zu 15 l/m² erofkommen. Dat ass näischt aussergewéinleches, mee et dréit awer zu engem immens naassen Dag bäi.
A wat soen déi aner Modeller?
Déi meescht aner Modeller gesinn, dass d’Nidderschlagsgebitt e gréissere Bou ronderëmt eist Land mécht, fir dann an der Nuecht op den Dënschden awer e bësse Reen op Lëtzebuerg ze bréngen. De Méinden iwwer wier et dann bei eis mat engem Sonn- Wollekemix guer net esou onfrëndlech, d’Schauerwarscheinlechkeet wier net all ze héich.
Een Modell, deen och e bësse méi Reen komme gesäit, ass de franséischen ARPEGE. Dësem no kreest d’Gebitt am Ufank ganz knapp ronderëmt eis Grenzen, fir sech dann vum Nomëtten un bis an den Dënschden eran iwwert eis ze leeën. Et wieren ëm 10 l/m² dobäi. Wéi gesot: Dat ass net d’Welt, an awer däitlech méi ongemittlech wéi den Zenario vun den anere Modeller.
Fazit
Well d’Majoritéit éischter net esou vill Reen gesäit, ass dat och de warscheinlechsten Zenario. Den aneren ass allerdéngs net ausgeschloss, wat awer dann och näischt spezielles wier – mee ebe just en ongemittlechen Dag mat Prabbeli-Pflicht 😉