Reen-Ausbléck fir Lëtzebuerg: Bis Enn nächster Woch deemno wéi 60 bis 105 l/m² Reen ze erwaarden

Wéi fläit schonn matkritt, sinn iwwer groussen Deeler vum Kontinent grouss Reenzommen ze erwaarden. D’Fro, a wéifern et Lëtzebuerg trëfft, ass also berechtegt. An dësem Artikel kucke mir eis un, wéi vill vun dësem Reen bei eis heiheem wäert erofkommen.

Advertisement

D’Situatioun

Et ass definitiv eriwwer mam héije Loftdrock aus de leschten Deeg. Iwwer Westeuropa geet et duerch Déifdrockgebitter zimmlech turbulent zou – se si sech amgaangen a Richtung Osten auszebreeden an erfaassen an dëse Stonnen net nëmmen Portugal, Spuenien a Frankräich, mee wäerte sech och iwwer anere Länner wéi z.B an Italien oder an der Schwäiz bemierkbar maachen.


De viraussiichtlechen Oflaf vun der Nidderschlags-Akkumulatioun bis Enn nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

Well sech den Déifdrockafloss ëmmer méi wäit an den Osten verlagert, kënnt Lëtzebuerg logescherweis och ënnert den Afloss dovun. Et gëtt op alle Fall eng zimmlech variabel a naass Zäit, phaseweis kann och de Wand méi staark bis hin zu stiermesch ënnerwee sinn.

D’Reequantitéiten

Wa mir fir den Ufank just beim Rescht vun dëser Woch bleiwen, dann hu mir de Modeller no folgend Quantitéiten ze erwaarden:

  • GFS: 30 – 45 l/m²
  • ECMWF: 30 – 60 l/m²
  • ICON-EU: 30 – 60 l/m²
  • ARPEGE: 30 – 45 l/m²

Duerchschnëttlech gesinn komme mir also bei tëscht 30 an 53 l/m² Reen eraus, déi nach bis e Sonnden inclus zu Lëtzebuerg sollen erofkommen.

Kucke mir awer nach méi wäit no vir, nämlech op déi nächst Woch inclus. Dëst ass awer nach mat Virsiicht ze genéissen an éischter als Iddi opzefaassen, well et nach esou laang bis dohin ass.

  • GFS: 60 – 120 l/m²
  • ECMWF: 60 – 90 l/m²

An dësem Fall kënne mir just zwee Modeller huelen, well déi aner guer net mol esou wäit kënne rechnen. D’Moyenne vun de Quantitéite bis Enn der nächster Woch läit bei tëscht 60 an 105 l/m².