Frankräich, Italien, Schwäiz: Plazeweis méi wéi 200 l/m² Reen ze erwaarden

Iwwer Westeuropa ass et schonn immens naass. Elo gräift dës Aktivitéit och op Mëtteleuropa aus. Ier mir eis mat Lëtzebuerg selwer befaassen, kucke mir eis fir d’éischt mol d’Situatioun bei eise Noperen un.

Advertisement

D’Situatioun

Wéi an de leschten Artikelen betount, ass d’Wieder iwwert dem Weste vun Europa de Moment immens turbulent. Een Déif nom anere bréngt immens vill Reen an deels esouguer Stuerm. Nodeems mir e Freide schonn méi genee op Portugal a Spuenie gekuckt haten, ass zanter gëschter Owend tatsächlech eng Onwiederlag amgaangen. De Reen begrenzt sech awer net nëmmen op déi zwee Länner, mee wäert sech demnächst iwwer groussen Deeler vu Mëtteleuropa breetmaachen. E puer Hot-Spots leien an Deeler vu Frankräich, Italien an och der Schwäiz, déi mir eis an dësem Artikel zesummen ukucken. Och wa vill vun dëse Géigenden bis ewell ënnert engem grousse Reen-Defizit gelidden hunn, sinn esou grouss Reequantitéiten och erëm ze vill. De Buedem kann de Reen net ganz ophuelen, wouduerch et zu Iwwerschwemmunge kënnt.

Frankräich

Vun haut un bis an de Samsden eran hu mir een Beräich am Süde vu Frankräich, deen besonnesch erausstécht. Dëse läit tëscht Mende, Avignon, Nimes, Arles, Montpellier, Béziers, Miliau an Le Puy-en-Veilay. Och ronderëmt reent et vill, mee besonnesch innerhalb vun dësem definéierte Beräich kënne bis un de genannten Zäitpunkt de Modellrechnunge no tëscht 100 an 230 l/m² Reen erofkommen. Dohier läit de Fazit no, dass et zu markanten Iwwerschwemmunge wäert kommen.

Als en zweete Beräich kann een eng Linn vu Lyon aus a Richtung Nice zéien, an där et och punktuell zu däitlech méi wéi 100 l/m² ka kommen.

De Reen zitt sech och bis op d’Corse: Am Raum Ajaccio ginn bis ëm 110 l/m² Reen gerechent.

Schwäiz

An der Schwäiz si bis de Weekend inclus haaptsächlech déi südwestlech a südëstlech Deeler betraff. Aus Frankräich hier zitt sech de Reen deels bis op Lausanne. An dësem Groussraum si bis un de genannten Zäitpunkt ëm 90 l/m² Reen méiglech. Méi markant ass et awer méi wäit ëstlech: Un der direkter Grenz zu Italien, tëscht Domodossola a Lugano, rechnen d’Modeller op klengstem Raum mat méi wéi 200 l/m². Vun dësem Peak ofgesinn, falen am südëstlechen Deel vun der Schwäiz laut Modeller generell tëscht 60 an 120 l/m² Reen bis e Sonndenowend.


D’Kaart mat den akkumuléierte Reequantitéite bis de Méindemoien. Ze gesinn ass ë.A. d’Schwäiz, Norditalien a Südostfrankräich | Grafik: wxcharts.com

Italien, Slowenien, Kroatien, Albanien

An Italien ginn et och eng ganz Rëtsch Géigenden, an deenen et vun haut, respektiv och dem Weekend un, immens naass gëtt.

Een vun de Beräicher zitt sech vu Genua op Pistoia, Florenz, Livorno, Siena an Arezzo am Norden/Nordwesten. Generell mol gi fir de genannte Beräich tëscht 40 an 120 l/m² Reen berechent. E Peak soll sech dann awer fir La Spezia & Massa erausstellen, wou punktuell mol eppes iwwer 200 l/m² Reen ze erwaarde wieren.

Wa mir nach eng Kéier a Richtung Schwäiz zréckginn, ergänze mir de Beräich mat markante Reenzommen vu Lugano aus a Richtung Sondrio, Bergamo, Mailand, Brescia, Trient, Bozen bis an den äusserste Süde vun Éisträich eran. Tëscht 60 an 100 l/m² Reen kënnen optrieden, un der Grenz zu der Schwäiz deels 150 – 200 l/m².


Gesamtiwwerbléck iwwert de Südoste vu Frankräich, d’Schwäiz, Italien an och d’Balkanregioun | Grafik: wxcharts.com

E weideren Hotspot gëtt et ganz am Nordoste vun Italien a strekct sech bis a Slowenien esouwéi och Kroatien eran. Am Raum Udine, Gozizia, Cervignano del Friuli an Triest sinn tëscht 80 an 120 l/m² Reen ze erwaarden, nërdlech vun Triest si punktuell och knapp 200 l/m² méiglech. E Stéck méi wäit südlech, op kroateschem Buedem, kënne nërdlech vu Rovinj, Rijeka an zu Novi Vinodolski och bis ëm 100 l/m² Reen erofkommen.

Vun do aus zitt sech bis ganz erof, bis an Albanien, eng Sträif, an där änlech Zomme kënnen erofkommen.