Sonnestuerm: An der nächster Nuecht si Polarliichter an eise Géigende méiglech

Wéi mir et an de leschte Wochen a Méint ëmmer erëm mol haten, trëfft och dës Kéier erëm e Sonnestuerm op d’Äerd. An der kommender Nuecht sinn dohier Polarliichter an eise Géigende méiglech.

Advertisement

Massenausworf kënnt op der Äerd un

Wéi d’Websäit polarlicht-vorhersage.de matdeelt, koum et gëschter Moie fréi zu enger Sonneneruptioun. De koronale Massenausworf (kuerz CME = Coronal Mass Ejection) ass zanterdeems a Richtung Äerd ënnerwee a schéngt de Planéit mëttlerweil och schonn erreecht ze hunn, dat mat enger Sonnewandvitesse vun 800 km/s. Nach ass et awer ze hell dobaussen, fir iwwerhaapt eppes ze gesinn (Stand: 24.03.2024 – 18:32 Auer).

Wat huet dat elo ze bedeiten?

Fir dës Nuecht gëtt e KP-Index vun tëscht 5 a 6 fir eis Breete berechent, mee deemno wéi kéint et driwwer goen. De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg eenegermoosse gutt gesäit, muss dësen bei mindestens 7 leien. Mir mierken also, dass eng gewëss Warscheinlechkeet dovu besteet. Wann et de Berechnunge no geet, da sollt den Index tëscht 3 a 6 Auer säi Peak erreechen.


Déi méiglech Entwécklung vum KP-Index an de nächste Stonnen | Grafik: polarlicht-vorhersage.de / SWPC

Et soll ee sech awer éischter net erwaarden, dass sech d’Polarliichter tatsächlech visuell weisen. Den “Go To” ass och an dësem Fall erëm eng Kamera, déi een mat Laangzäitbeliichtung a Richtung Norde fotograféiere léisst. Dëst am beschte natierlech op enger Plaz, op där et stackdäischter ass.

D’Wieder schéngt esouguer näischt dogéint ze hunn

Wa mir eis déi aktuell Prognosen esou ukucken, da soen d’Modeller, dass et am Laf vun der Nuecht manner wollekeg gëtt. Et entstinn zwar wuel warscheinlech Niwwelfelder, mee falls déi ugekënnegt héichbaseg Wolleken net ze séier ukommen, da kann et duerchaus mol e puer Stonne laang opkläeren, wat de Polarliicht-Berechnungen also géif an d’Kaarte spillen.