Temperaturréckgang bleift net! Et ass schonn erëm e Changement ënnerwee

Et ass de Moment eppes méi wéi 10°C méi kal ewéi gëschter. Wéi ugekënnegt war et haut schonn op där enger oder anerer Plaz fir e puer Minutte bësse wäiss. Et wäert awer definitiv net esou bleiwen.

Advertisement

Déi aktuell Situatioun & wéi et muer gëtt

De Moment leien d’Temperaturen am Land tëscht 4 a 9 Grad – plazeweis ass et de Moment also esouguer knapp iwwer 10 Grad manner waarm ewéi gëschter an och an de leschten Deeg. Dofir verantwortlech ass een Déif, wat vum skandinavesche Raum hier a Richtung Dänemark zitt. Op der Récksäit erreechen eis eben déi méi kill Loftmassen, déi elo haut um Samsden fir déi eng oder aner Schnéischaueren an och kleng Knëppelsteng (Graupel) suergen.


Wéi déi nächst Stonnen an och de Sonnden soll virugoen | Animatioun: wxcharts.com

Den Dag vu muer, de Sonnden, gëtt en änlechen. Leider ass virun e puer Modell-Leef nach berechent ginn, dass et vum Nomëtten u géif méi dréche ginn. An Tëschenzäit soll et awer erëm bis an de fréien Owend era naass ginn, an dat och erëm mat engem änleche Mix ewéi haut.

Et gëtt geschwënn erëm méi waarm

Et ass zwar ëmmer nach esou, dass sech d’Modeller net genee driwwer eenz sinn, wéi héich d’Temperaturen exakt klammen – an awer wäert et egal wéi erëm e gutt Stéck méi waarm ginn wéi et de Moment de Fall ass.


De méigleche Verlaf vun de Loftmassen bis de nächste Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Méinde gi Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad erreecht, en Dënschde geet et op 9 bis 13 Grad erop. De Mëttwoch wiere 9 bis 11 Grad ze erwaarden, ier et dann en Donneschden 8 bis 10 Grad ëmmer nach net vill méi waarm soll ginn. Et ass méi esou a Richtung Enn der Woch, wou et zu engem gréisseren Ënnerscheed soll kommen. Fir e Freide rechent den europäesche Modell mat 14 bis 19 Grad, iwwerdeems den amerikanesche Modell grad emol ëm 11 Grad op eis duerkomme gesäit. De Modell gesäit eréischt fir e Sonnden, dass bal 20 Grad sollen erreecht ginn. Den europäesche Modell ass zu dësem Zäitpunkt awer schonn méi laang méi mëll ënnerwee, fir Sonndes sinn iwwer 20 Grad méiglech.

Fazit:

Wéi am leschten Update heizou gesinn, schéngt et elo mol bis iwwert déi éischt Hallschent vun der neier Woch eraus der Iddi vum amerikanesche Modell nozegoen. Am spéidere Verlaf bestinn dann erëm besser Chancen op ëm 20 Grad.