Tëscht de Loftmassen: D’Donnerwieder-Saison ass nach net eriwwer

D’Ëmstellung vun de Loftmassen, déi eis geschwënn déi méi héich Temperaturen erméiglecht, bréngt eis och de Risk vun Donnerwiederlagen zréck op Lëtzebuerg. D’Saison ass nach net eriwwer.

Advertisement

Lëtzebuerg tëscht de Loftmassen

Et gëtt méi waarm zu Lëtzebuerg, de Summer mécht e Comeback – mee wéi sech d’Temperaturen a nächster Zäit wäerte verhalen, dat hu mir haut schonn an engem aneren Artikel thematiséiert. Elo konzentréiere mir eis op dat, wat nach esou op eis kann duerkommen, wann d’Berechnungen esou bleiwe sollte wéi se de Moment sinn.

Dass méi waarm Loftmassen op eis duerkommen, hu mir déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik & de britteschen Inselen esouwéi och héijem Loftdrock iwwer Südost-/ & Osteuropa ze verdanken. Et entsteet e Stréimungsmuster, wat d’Loftmassen aus südwestlecher Richtung op Mëtteleuropa dréit – an domat och op Lëtzebuerg.


D’Grousswiederlag am Laf vun der nächster Woch, den Donnerwiederrisk klëmmt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den Zentrum vum Héich läit zimmlech wäit iwwert dem Oste vum Kontinent, iwwerdeems den Déifdrockafloss am Laf vun der nächster Woch awer esou no um Kontinent läit, dass mir dësen Afloss och iwwert dem Kontinent selwer wäerte spieren. Et kristalliséiert sech e Beräich eraus, an dem déi méi waarm an dréche Loftmassen aus dem Süden an Oste vum Kontinent op déi manner waarm an däitlech méi fiicht Loftmassen aus dem Südwesten esouwéi och Westen vum Kontinent treffen. Dëse Beräich zitt sech vum südleche bis südwestleche Frankräich bis ganz an de Nordoste vun Däitschland eran an erstreckt sech esou also och iwwer Lëtzebuerg.

Net iwwerall am markéierte Beräich wäert et kraachen – mee et markéiert déi Géigenden, déi et am warscheinlechsten mat Donnerwiederlage kënnen ze di kréien. D’Donnerwiedersaison ass also nach net eriwwer.

E virsiichtegen Ausbléck

Esou oder esou ongeféier wäert sech d’Grousswiederlag also iwwert déi nächst Woch entwéckelen. Et ginn schonn éischt Signaler an de Modeller fir potenziell Donnerwiederlagen, déi mir eis elo ganz virsiichteg ukucken. Et ass als eng Momentopnam ze betruechten a nach net als Virwarnung, Warnung oder Prognos.

Den europäesche Wiedermodell ECMWF wëll schonn e Freidenowend déi eng oder aner Schauer oder e kuerzt Donnerwieder net komplett ausschléissen. Den amerikanesche GFS an den däitschen ICON maachen änlech Undeitungen. Fir e Samsde gesinn de GFS & den ECMWF e puer eenzel Schaueren am Laf vum Dag – iwwerdeems den ICON weiderhin en Donnerwiederrisk op eis duerkomme gesäit, deen bis an de fréie Nomëtten eran soll unhalen.


D’Signaler bis den 18. August inclus am Schnellduerchlaf | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Sonndenowend ginn et vum ICON & dem ECMWF Signaler fir deels méi zolitt Schliet a Form vun Donnerwieder, änlech och fir de Méindenowend – dat awer tendenziell méi a Richtung Saarland. Fir e Mëttwochowend gëtt vum europäesche Modell eng weider Donnerwiederlag simuléiert, déi sech iwwer BeNeLux & och dem Westen esouwéi Deeler vum Südweste vun Däitschland kéint ofspillen. Den amerikanesche GFS huet änlech Signaler an der Simulatioun. Och en Donneschden, 17. August soll weiderhin e gewëssen Donnerwieder-Risk bestoen.

Wéi gesot, dat sinn elo mol déi éischt verschwomme Signaler, déi am Laf vun der Zäit eréischt méi däitlech ginn. Dëst ass also just als Hiweis unzegesinn, dass et d’nächst Woch méiglecherweis kann zu Donnerwiederlage kommen. Virun allem duerch Staarkreen kéinten dës mol warnrelevant ausfalen. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!