Den Temperatur-Update: Kuerze Peak oder nohaltege Comeback vum Summer?

Summerlech Temperature kämpfe sech lues a lues zréck – just schéngt et aus meteorologescher Modell-Siicht nach eng méi spannend Nummer ze ginn.

Advertisement

Geschwënn erëm kuerz Kleedung ugesot

Egal wéi vill Zeilen an dësem Artikel verginn, eppes ass sécher: Et gëtt op alle Fall méi waarm, wouduerch een sech also erëm op méi liicht Kleedung kann astellen. D’Froen, mat deene mir eis an dësem Artikel konfrontéiere sinn, ob d’Wiermt oder de Summer-Comeback iwwert eng méi laang Zäit bei eis bleift, oder ob et wierklech just e kuerze Peak gëtt. Déi aner Fro ass, wéi héich d’Temperaturen dann am Endeffekt wierklech kënne klammen, well et tëscht de Modeller nach gréisser Widderspréchlechkeete ginn.


De Weekend gëtt et definitiv méi waarm | Animatioun: wxcharts.com

Den Temperaturverlaf bis de Weekend, wéi héich klammen se?

Wéi gesot, si sech all Modeller driwwer eenz, dass et definitiv méi waarm gëtt. Wéi héich d’Temperaturen tatsächlech klammen, gëtt vun den eenzelne Modeller awer nach immens ënnerschiddlech berechent.

Fir muer, Donneschden, sinn d’Ënnerscheeder nach net all ze grouss. Den europäesche Modell gesäit bis zu 24 Grad op eis duerkommen, den amerikanesche GFS 25 Grad an de Super-HD vum Kachelmann 26 Grad. Et kann ee sech also bei ronderëmt 25 Grad apendelen.

E bëssen anescht, mee nach net grouss ënnerschiddlech, gëtt et vum Freiden un. De Super-HD rechent am Nomëtte mat knapp 30 Grad am äusserste Südoste vum Land, iwwerdeems den europäesche Modell mat 27 Grad ënnerwee ass an den amerikanesche GFS mat 28 Grad. Ergänzend huele mir den däitschen ICON-EU dobäi, deen och bis zu 28 Grad op eis duerkomme gesäit. De Maximum wäert also ganz warscheinlech an de Beräich vun den 28 Grad kommen, méiglecherweis och 29 Grad.

Groussen Ënnerscheed e Samsden

E groussen Ënnerscheed gëtt et e Samsden, wou den europäesche Modell grad emol bis ëm 25 Grad am äusserste Südoste vum Land gesäit, iwwerdeems den amerikanesche GFS mat 30 Grad rechent. Den däitschen ICON ass mat just 22 Grad ënnerwee, wat engem engem eng akkurat Temperatur-Prognos däitlech erschwéiert. Fir e Sonnde sinn d’Modeller erëm zimmlech eenheetlech mat op d’mannst 25 Grad ongeféier enger Meenung.


Den amerikanesche GFS rechent e Samsde mat 30 Grad (Wäert steet ënnert dem Copyright, dohier net erkennbar) | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Déi vergläichsweis immens niddereg Temperature vum ICON sinn méiglecherweis op Schaueren an Donnerwieder zréckzeféieren, déi de besote Modell fir de Samsdemëtten- a Nomëtte berechent. Dohier kann een, Stand aktuell, e Samsde wuel vu 25 Grad ausgoen, mee ob wierklech 30 Grad erreecht ginn ass och erëm a Fro ze stellen. Time will tell.


Den däitschen ICON mat engem immens grousse Kontrast fir e Samsden | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wéi laang bleift de Summer-Comeback?

Fänke mir mam optimisteschste Modell un, nämlech dem amerikanesche GFS. Dësen rechent bis an déi spéit zweet Augusthallschent eran domat, dass de Summer soll bei eis bleiwen – gréisser Schwankungen awer mat abegraff. No dësem Weekend soll sech dësem Modell no bis bis Mëtt der Woch waarmt Spéitsummerwieder mat Wäerter vun tëscht 25 an 28 Grad astellen, a Richtung Weekend wieren esouguer 30 Grad an e Stéck driwwer net ausgeschloss. Well et awer nach zimmlech “laang” bis dohin ass, sollt een dës Zeilen nach net fir bor Mënz huelen.

Den europäesche Modell läit e Méinde selwer nach bei maximalen 25 Grad, huet dann awer fir en Dënschden 24 bis 28 Grad an der Berechnung an e Mëttwoch esouguer 27 bis 31 Grad. Vum Donneschde bis e Freiden inclus sollt sech net all ze vill änneren, ier d’Wäerter iwwert de Weekend erëm op ënner 25 Grad zrécksacken kéinten.

Dem momentane Stand no ass also dovun auszegoen, dass déi ënnerduerchschnëttlech Temperaturen, mat deene mir et zanter de leschten 10 Juli-Deeg ze dinn haten, net méi sollen erëmkommen. Et gesäit no engem summerleche Mix aus Sonn, Wolleken, Schaueren an Donnerwieder aus – dozou awer an engem aneren Artikel méi.