Vun der Nuecht un: Bis e Freidemoie lokal 60 l/m² Reen ze erwaarden

Reene wäert et iwwerall, mee zumools un der direkter Grenz zur Belsch an och zu Frankräich sinn déi héchst Zommen ze erwaarden.

Advertisement

Et gi naass Stonnen

Vun der nächster Nuecht un wäerte mir et mat Dauerreen ze di kréien, muer beweegt sech e Frontesystem iwwert eis ewech. Dëse sicht sech net de séierste Wee, mee e beweegt sech schläifend. Ier dës Front duerch ass, suergt fir en Donneschden an e Freiden e weidert Déif fir de nächste Reen. Spéitstens um Freidenowend sollt sech d’Situatioun berouegen.


Déi viraussiichtlech Reenzommen bis de Freidemoien laut ICON-EU Modell | Grafik: wxcharts.com

Natierlech si bei dësem Prozess och gréisser Reenzommen am Spill. Zwar sollten d’Warnschwellen (vu Météo Boulaide definéiert) esou just net touchéiert ginn, punktuell kann en iwwerschreiden awer trotzdeem net ausgeschloss ginn. Tendenziell ass laanscht den äusserste Norden (direkt Grenz zu der Belsch) esouwéi och laanscht den äusserste Westen a Südwesten (Grenzen zu der Belsch esouwéi och Frankräich) mam meeschte Reen ze rechnen. Eenzelne Modeller no kann et do am genannten Zäitraum fir 40 bis punktuell 60 l/m² duergoen. Am ganze Rescht vum Land si mir meeschtens bei 20 bis 40 l/m² ënnerwee.