Um Donneschdenowend: Op dëse Plazen huet et am stäerkste gestiermt

Zanter dem Sonnden hate mir de Stuerm genee am Aen a gëschter Owend war et esouwäit: Am Land si schwéier Stuermstéiss gemooss ginn, dorënner war och een orkanaartegen.

Advertisement

Kuerz, mee hefteg

De Stuerm um Donneschdenowend huet, wéi virausgesot, net all ze laang ugehalen: Et huet sech ëmt d’Kalfront vun engem Randdéif gehandelt, un där sech eng kräfteg Schauerlinn forméiert huet. Mat un dëser Schauerlinn ware ganz vereenzelt Donnerwieder a méi markant Staarkreensdchaueren, un deenen de Wand aus méi héije Loftschichte konnt erofgemëscht ginn – an der Météo um 7 vum Mëttwoch hate mir iwwert dëse sougenannte “vertikalen Impulstransport” geschwat.

Wou huet et dann am kräftegste geblosen?

Meeschtens waren et Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss, zu Beetebuerg war awer och een orkaanaartege Stuermstouss dobäi. Hei d’Top 5:

  • Beetebuerg-Obeler (Kachelmannwetter): 104 km/h
  • Stengefort (Kachelmannwetter): 89 km/h
  • Wolz (Kachelmannwetter): 89 km/h
  • Stad-Pescatore (Kachelmannwetter): 87 km/h
  • Eschduerf (ASTA): 87 km/h

Déi komplett Iwwersiicht zu de 6-stënnege Wandstéiss fannt Dir um Site vu Kachelmannwetter.

Duerch de Stuerm si nawell vill Géigestänn ronderëmgeflunn – virun allem awer sinn op ville Plazen och Beem an d’Stroosse gefall, déi zäitweis net passéierbar waren. Am Norde vum Land war och de Stroum wärend enger méi laanger Zäit fort, d’Käerzen an Täscheluuchte goufen ausgepak.

E kuerzen, mee heftege Stuerm, deen mir zanter de Sonnden schéin um Schierm haten. Zur selwechter Zäit war et och déi éischt Onwiederlag, déi mir per SkyWatch, eisem neie Warnsystem, matverfollegt a bewarnt hunn. All d’Infoen zu dësem System fannt Dir hei.