Um Freidemoien: Längst Mounddäischtert zanter 580 Joer

Déi längst Mounddäischtert zanter 580 Joer steet un – mee et gëtt en Hoken.

Rar Mounddäischtert – och zu Lëtzebuerg?

Um Freidemoien, 19. November 2021 ass Vollmound – déi eenzeg an der Logik zesummestoend Situatioun, an där eng Mounddäischtert iwwerhaapt méiglech ass. Um fréie Freidemoie kënnt et zu der längster Mounddäischtert zanter 580 Joer. De Grond dofir ass: de Mound steet a sengem Apogeum. Dat heescht, dass de Mound deen Punkt vu senger Ëmlafbunn erreecht, un deem en am wäitste vun der Äerd fort ass. E brauch also dowéinst siginifikant méi laang, fir duerch de Schiet vun der Äerd ze wanderen. De Mound verdäischtert sech ëm bis zu 97%, et handelt sech also ëmt eng partiell Mounddäischtert.

Wouran läit dann elo den Hoken? D’Mounddäischtert wäert kaum Relevanz fir eis heiheem hunn, well d’Schauspill eréischt richteg amgaangen ass, wann et bei eis schonns ze hell ass. Zousätzlech geet de Mound souwisou schonn ënner, ier iwwerhaapt eppes relevantes ze gesinn ass. Mir heiheem verpassen dës rar Mounddäischtert also nëmme ganz knapp. Op dëser Grafik gesidd Dir, wou dës Däischtert am beschten ze observéieren ass:


Visualiséierung vun der NASA déi weist, wou een d’Däischtert am beschte gesäit | Grafik: NASA