Update a Saache Stuermstéiss fir déi éischt Hallschent vun der nächster Woch

Och déi neist Modeller gesinn ëmmer nach de Risiko vu Stuermstéiss fir e Méinden. E Mëttwoch kann et op e Neits stiermesch ginn.

Stuermstéiss ëmmer nach an de Modellrechnungen

De Januar 2024 ass en zimmlech aktive Mount. No der immens wanterlecher Wiederlag, tëschenzäitlech och Onwiederlag, déi mir an de leschten Deeg haten, ass an der nächster Woch mat engem Wiederëmschwong ze rechnen. Dëse kréie mir, wann et de momentane Modellrechnunge no geet, virun allem a Form vu strammem Wand ze spieren.


De viraussiichtleche Verlaf vum Wand laut europäeschem Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

De Grond dofir ass jo deen, dass mir e groussen Déifdrockkomplex iwwert dem Nordatlantik hunn, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Südweste vun Europa an och Deeler vum Mëttelmierraum läit. Duerch eent vun de Randdéifer am Déifdrockkomplex, wat mat sengem Kär vun de britteschen Inselen aus a Richtung Skandinavien zitt, gëtt et och bei eis zimmlech ongemittlech.

Wat soen déi neist Berechnungen zu de Wandspëtzten?

Nach gesinn d’Modeller et zimmlech ënnerschiddlech, mee op d’mannst e puer stiermesch Wandstéiss sollten awer dra sinn.

Den amerikanesche Modell rechent domat, dass schonn an der Nuecht op e Méinden stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h méiglech sinn. Vum fréie Moien un bis an de fréie Nomëtten era wieren och schwéier Stuermstéiss bis 100 km/h ze erwaarden. Den europäesche Modell gesäit mat Spëtzte vun ëm 80 km/h och stiermescht Wieder op eis duerkommen, mee ass eben däitlech manner kräfteg ënnerwee wéi den amerikaneschen.

De franséischen ARPEGE rechnen e Maximum vu ronderëmt 75 km/h, den däitsche Modell gesäit et änlech.

De momentane Fazit

De Moment kann een also schlussfolgeren, dass vun der Nuecht op e Méinden un an och um Méinde selwer stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 60 a 85 km/h ze erwaarde sinn. Mir halen dat an de nächsten Deeg natierlech weiderhin zesummen am Aen.

E Mëttwoch kéint et op e Neits stiermesch ginn, dat mat änleche Vitessen.