Weekend-Update: Zu wéi engen Zäiten et am warscheinlechste reent

Wéinst de villen Aktivitéiten am Fräien dëse Weekend kucke mir eis déi Saach mam Reen nach eng Kéier méi genee un.

Advertisement

Summerlech, mee eben zäitweis naass

Haut um Freiden hunn et d’Temperaturen op e Maximum vu minimal iwwer 30 Grad gepackt, domat ass et also e Stéck méi waarm ginn wéi eigentlech virausgesot. Muer um Samsde klëmmt den Thermometer op e Maximum vun tëscht 21 a 26 Grad, e Sonnde si mir bei 21 bis 25 Grad ënnerwee. Summerlech also, mee mat Hëtzt huet dat awer näischt ze dinn.

Wéi gesäit et dann elo mam Reen aus? Déi éischt reenereg Phas ass imminent, nämlech beweegt sech grad e Reegebitt aus dem Westen/Nordweste vu Frankräich op Lëtzebuerg duer. Et ass also am Laf vum Owend domat ze rechnen, dass et aus westleche Richtungen hier naass gëtt – aktuellem Stand no schéngt den Zäitraum vu ronderëmt 21 Auer e gudden Unhaltspunkt dofir ze sinn, wéini et dann ongeféier soll ufänken. Dës méi reenereg Phas zitt sech bis an de Samsden eran, deemno wéi esouguer bis an de Nomëtten era fir genee ze sinn. Net iwwerall, mee plazeweis kann et och e bësse méi kräfteg reenen an och en agelagert Donnerwieder ass net auszeschléissen.

E Samsdenowend an an der Nuecht op de Sonnde sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, déi eis awer normalerweis kee Reen méi bréngen. D’Temperature ginn op e Minimum vun tëscht 13 a 15 Grad zréck. E Sonnde selwer wiessle sech Sonn a méi déck Wolleken of, dobäi sinn déi meescht Modeller der Meenung dass et dréche bleift. Just eenzelner sinn der Meenung, dass eng lokal Schauer net onméiglech ass.

Stand aktuell nach zimmlech onsécher ass, ob eis dann am Laf vum Sonndenowend e puer Donnerwieder aus Frankräich erreechen oder net, resp. eréischt vum Méindevirmëtten un.