Eenzel Flacke jo, mee kee Wanterabroch

D’Norechten iwwert d’Thema Schnéi iwwerschloen sëch de Moment an de soziale Medien. Dobäi muss een awer zwësche méiglege Schnéischaueren an engem richtëge Wanterabroch ënnerscheeden.

Vum 12. November un wärten däitlech méi kill Loftmassen an eist Land erafléissen, wouduerch de Risk vu Schnéiflacke klëmmt. Daat ganzt gëllt dann haaptsächlech vir déi méi héich Géigenden aus dem Land, vir méi niddrëg geleeë Géigende gëtt ët méi schwierëg, och wann och do lokal Schnéireen nët ausgeschloss ka ginn. Ët ass awer sëcher, dass eis keen richtëge Wanterabroch befirsteet. Ët ass just déi éichte Kéier vir d’Saison, dass sëch eng Wiederlaag ukënnëgt, wou op verschiddene Plaatze schon déi éicht Flacken eroofkomme kënnen. Dovir muss ët nët mol wäiss ginn. Ofgesinn vum Schnéi kann ët awer glaat ginn, daat och mol am ganze Land.