Orkandéif SABINE: Wat wees ee schon a wat nach net?

Déi ganz Wiederwelt konzentréiert sech de Moment op d’Orkandéif SABINE, wat eist Wieder um Sonnden an och um Méinde bestëmme wäert. Et gëtt vill iwwer d’Wandspëtzte spektuléiert, wéi héich se schlussendlech ausfale kënnen, ass nach net zu 100% gewosst. Eng Agrenzung vun den duerchschnëttleche Wandspëtzten ass lues awer sëcher méiglech. Dëst ass e serieuxen Artikel, dee sech ganz wäit vun allen onserieuxen däitsche Schlagzeilen distanzéiert. Alles, wat wichteg ass an ee bis elo scho wierklech soe kann, fannt Dir an de nächsten Zeilen.

All Wiedermodell rechent mat Stuerm

De Méinden, 05. Februar 2020, hu mir fir d’éischte Kéier iwwer d’Potenzial vun engem Stuerm geschwat. Bis elo hunn d’Modeller GFS & ECMWF hir Berechnunge bäigehal a vill aner Modeller hu nogezunn. Et ass also scho sëcher, dass et de Sonnde resp. um Méinde stierme wäert. Wéi staark de Wand wierklech gëtt, wees awer nach kee sou richteg.

Lues a lues kann ee sech awer scho ru maachen a probéieren, déi méiglech Wandspëtzten anzegrenzen. Mir kucken eis déi eenzel Modellrechnungen un a probéiere méi oder manner e gemeinsame Nenner ze fannen, wat déi eenzeg serieux Art a Weis ass, sou lang am Viraus eng realistesch Estimatioun ofzeginn.

Détailléierte Livestream iwwert de Stuerm (06. Februar 2020)

GFS (wxcharts.com)

ECMWF (wxcharts.com)

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no gëtt et scho vum Sonndenomëtten un ëmmer méi lefteg dobaussen. Éischt stiermesch Wandstéiss vu bis zu 75 km/h wieren ze erwaarden. An de Stonnen drop ass mat enger séierer Verstäerkung ze rechnen. Um Owend ronderem 18h solle scho Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h optriede kënnen, demno wéi och liicht driwwer. Tëscht Mëtternuecht an 3 Auer um fréie Méindemoie soll eis d’Kalfront vum Orkandéif passéieren, un där mat den héchste Wandvitessen ze rechnen ass. De Maximum soll dem GFS no bei knapp 115 km/h leien (Stand 07.02.2020 02:52 Auer). Bis an de spéide Méindevirmëtten era soll et nach zu Spëtzte vu bis 105 km/h komme kënnen, ier iwwert de Nomëtten eng kleng Ofschwächung antriede kann. Um spéidere Méindenowend/an der Nuecht op den Dënschde kënne rem Stuermstéiss vu 70 bis knapp 90 km/h optrieden. Um Dënschde selwer si keng warnrelevant Spëtzte méi ze erwaarden.

Den europäeschen ECMWF ass dee Modell, deen déi allerhéchst Wandvitesse fir dëse Stuerm berechent. Et ass also ze hoffen, dass sech dës Berechnunge net duerchsetze wäerten an och, dass déi aner Modeller net och nach lues a lues op dësen Zuch opsprangen. Den 12er Modelllaf vum 6. Februar (Stand: 07.02.2020 – 02:55 Auer) rechent mat richteg ruppegen Aussiichten. Vum Sonndemëtten u soll et méi stiermesch ginn, haaptsächlech am Nomëtte kënnen éischt warnrelevant Wandvitessen areecht ginn. Mir sollten do schon tëscht 70 a 90 km/h leien. Bis an de spéideren Owend eran ass mat enger lueser Intensivéierung ze rechnen. De markantsten Deel kënnt, genee sou wéi et de GFS och gesäit, mat der Kalfront. Des soll eis dem ECMWF no tëscht Mëtternuecht (Nuecht op de Méinden) a 6 Auer moies passéieren, dat mat Wandspëtzte vu bis zu 140 km/h. Och um Méinde selwer géif et mat Wandstéiss bis 120 km/h nach stiermesch bleiwen – just am Nomëtte kann eng kleng Paus asetzen. Schon an der Nuecht op den Dënschde kann et op e Neits zu Spëtzte vun 80 bis 100 km/h kommen. Réischt um Dënschdemëtte kéint een Entwarnung ginn.

ICON-EU (wxcharts.com)

ARPEGE (wxcharts.com)

Scho vum spéide Sonndevirmëtten u soll et dem däitschen ICON no schon zu warnrelevante Wandstéiss kommen. Tëscht 60 a 90 km/h kéinte schon optrieden. Wärend dem Mëtten, Nomëtten a fréien Owend sollt sech nach net all ze vill un dëser Spaan änneren. No 18h trieden ëmmer méi verbreet Stuermstéiss vun iwwer 90 km/h op, warend der Kalfront kann et lokal begrenzt op knapp iwwer 105 km/h eropgoen. Des passéiert eis dësem Modell no tëscht dem spéide Sonndenowend an ongeféier Méindemoien 03 Auer. Bis an de spéide Méindenomëtten era wier mat weidere Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h ze rechnen, duerno leet sech de Wand fir eng kuerz Zäit bëssen. An der Nuecht op den Dënschde kann de Wand géint Mëtternuecht rem op 65 bis 75 km/h, demno wéi och rem op 80 km/h opfrëschen. Um Dënschde selwer bleift et lefteg bis stiermesch, mee normalerweis net méi warnrelevant.

Genee wéi den däitschen ICON, rechent och de franséischen ARPEGE domat, dass et schon um Sonndemëtte vu Nordwesten hier lues a lues zu den éischte stiermesche Wandstéiss komme kann. Spëtzte vun em 75 km/h kënnen optrieden. A Richtung Sonndenowend hëlt de Wand konstant zou. Am Westen ass mat knapp 90 km/h ze rechnen, iwwerdeems et am Oste vum Land nach net grad sou kräfteg bléist. D’Kalfront vum System passéiert eis dem ARPEGE no tëscht dem Sonndenowend 21 Auer an dem Méindemoien 04 Auer, iwwerdeems Wandvitesse vu bis zu 105 km/h a knapp driwwer ze erwaarde sinn. Um Méindemëtte misste sech d’Wandspëtzte da rem an engem Beräich ophalen, dee net méi warnrelevant ass.

Déi wahrscheinlechst Wandspëtzten

Kuckt ee mat de genannte Modeller ongeféier op e gemeinsame Nenner ze kommen, da kann een alles tëscht 75 an 105 km/h agrenzen – och wann ech net ausschléisse well, dass ee nachemol 5 km/h droprechne kéint… mee dat ass halt nach d’Onsëcherheet, déi besteet.

Eng weider Onsëcherheet déi besteet, ass folgend: Wärend dem Passage vun der Kalfront besteet d’Wahrscheinlechkeet vun dem engen oder aneren Donnerwieder. Virun allem u Kalfronte vu Stuerm- an Orkandéifer kënnen des e Problem duerstelle, well de Wand an hirem Beräich gären aus méi héije Loftschichte bis op de Buedem erofgemëscht ka ginn. Sollt iergendwou sou een Downburst optrieden (Numm vum Phänomen), da kann et ganz däitlech iwwer déi maximal uewe geschriwwen 105 km/h goen. Dës Wiedere wäerten entlaang der Kalfront just plazeweis an enk begrenzt optriede kënnen – wou et geschéie wäert an ob iwwerhaapt, wees nach kee Mënsch.

Mat dobäi kënnt, dass och nach d’Wahrscheinlechkeet dovu besteet, dass sech eenzel Randdéifer/Schnellleefer forméiere kënnen, déi iwwer Deeler vu Mëtteleuropa ewechzéie kënnen. Je nodeems wéi se zéie, kann dat fir déi eng Géigende méi Wand a fir déi aner manner Wand bedeiten. Dir mierkt also, d’Situatioun ass bei wäitem méi komplex, wéi ee menge kéint, wann een einfach op eng Wiederapp kuckt.

Fazit

Mir kënnen eis de Sonndenowend/Méinden op e markante Stuerm gefaasst maachen, dee potenziell och mol orkanarteg Stuermstéiss mat sech brénge kann. Den Duerchschnëtt vun de Berechnunge läit tëscht 75 an 105 km/h. Dës Spaan ka méiglecherweis an de nächsten Deeg nach méi agegrenzt an ugepasst ginn. Wéi héich d’Spëtzten am allerwahrscheinlechsten ausfale wäerte, wees ee méiglecherweis réischt um Sonndemoien- oder Mëtten. W.e.g. losst Iech net vu verschiddenen däitsche Panik- Schlagzeile verréckt maachen. Mir erwaarde näischt, wat mir net scho gesinn hunn – ausser d’Berechnunge vum däitschen ECMWF géife sech duerchsetzen. Mee glécklecherweis ass dëst den eenzege Modell mat dësen Extremrechnungen.