Aktuell: Saharastëbs-Konzentratioun hëlt zou – wat bedeit dat fir eis?

Zumools aus dem méi südlechen Europa treffen déi éischt beandrockend Biller vun engem däischterem a roudelzechem Himmel an, ausgeléist duerch eng héich Konzentratioun u Saharastëbs an der Loft. Muer um Mëttwoch an och an der Nuecht op den Donneschden ass mat der gréisster Aktivitéit bei eis ze rechnen.

Wou kënnt de Stëbs iwwerhaapt hier?

Dat aktuellt Stréimungsmuster léisst et zou, dass gréisser Quantitéiten u Saharastëbs direkt aus Afrika an de Weste vun Europa transportéiert ginn. Dëse Phänomen ass eigentlech näischt ongewéinleches, dës Kéier ass et just e bësse méi markant wéi soss. Eng vun den Auswierkungen déi haut iwwer Europa konnte beobacht ginn war beispillsweis de sougenannte “Bluttreen”. Kléngt geféierlech, ass et awer net. Et ass einfach just Reen, deen Stëbs- a Sandpartiklen enthält. Do wou et reent verfierwe séch verschidden Uewerflächen wéi beispillsweis Autodiecher liicht orangelzech oder et ass esouguer de Stëbs ze erkennen. De Numm ass also méi spektakulär wéi d’Phänomen u séch.


D’Héichtestréimung léisst et zou, dass de Saharastëbs op direktem Wee aus dem Süden op Lëtzebuerg kënnt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wéi sech de Stëbs an de nächste Stonnen zu Lëtzebuerg weise wäert

D’Stëbskonzentratioun ass a war haut iwwer Frankräich immens staark. Duerch déi weider Loftstréimung verlagert sech de Schwéierpunkt muer am Laf vum Mëttwoch no a no a Richtung Nordfrankräich, BeNeLux a Westdäitschland – also och op Lëtzebuerg. D’Wieder sollt muer däitlech besser ginn wéi haut, wat bedeit, dass et trotz ugekënnegtem Sonn- Wollekemix oft awer méi dréif ka sinn. Eppes wat wierklech spektakulär kéint ginn ass de Sonnenënnergang um Mëttwochowend, deen duerch de ville Saharastëbs an der Atmosphär vill méi markant a rout wéi soss ausfale kann.


D’Gesamtkonzentratioun vum Stëbs um Mëttwochowend | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

De Maximum vun der Konzentratioun gëtt viraussiichtlech an der Nuecht op den Donneschden erreecht – en änlecht Phänomen ass demno also och beim Sonnenopgang um Donneschdemoien ze erwaarden.

Impressiounen aus dem Ausland