Am Laf vum Sonnde kéint et stiermesch ginn

Wéi scho puer mol drop opmierksam gemaach, kéint et am Laf vum Sonnde lëfteg bis nawell stiermesch ginn.

De Weekend zitt e Stuermdéif mat séngem Kär iwwert déi britesch Inselen ewech. Am weidere Verlaf verlagert sech de Kär iwwer d’Nordséi a Richtung Norddäitschland. Südlech dovun dréit d’Déifdrockgebitt e Wand- a Stuermfeld mat sech, wat dat Ganzt zu engem Stuermdéif mecht.

Vum spéidere Sonndenomëtten un kann dëst Wand- a Stuermfeld och fir Lëtzebuerg interessant ginn. Allerdéngs gëtt d’Positioun vum Kär vum Déif aus aktueller Siicht gesi vun den eenzelne Modeller nach ënnerschiddlech gerechent, sou dass ee nach net genee wees, wéi eng Wandvitesse bei eis zu Lëtzebuerg ze erwaarde sinn. Eng Ofschätzung kann een awer scho maachen. Virdéicht vergläiche mir awer mol den een oder anere Modell mateneen.

GFS

(Grafik: wxcharts.com) Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no kritt Mëtteleuropa et mat engem gréissere Wandfeld ze dinn, wat awer net iwwerall Stuermstéiss produzéiere wäert. Haaptsächlech am Fokus, wat Stuermstéiss ugeet, ass de Norde vu Frankräich, d’Belge, Holland, Lëtzebuerg, de Weste vun Däitschland an am weidere Verlaf d’Mëtt vun Däitschland. Et ass mat Stuermstéiss vun tëscht 75 an 80 km/h ze rechne, lokal kéint et och fir em 90 km/h duergoen. No Hallefnuecht an der Nuecht op de Méinden ass haaptsächlech iwwert der Nordhalschend vun Däitschland verbreet mat Spëtzte bis 70 km/h ze rechnen. Mat dobäi kënnt d’Wahrscheinlechkeet vun engem Randdéif, wat an der zweeter Nuetshalschend vum Nordweste vun Däitschland a Richtung tschechesch Grenz zéie kéint. Sollt sech dëst wierklech sou forméieren, da wieren do Spëtzte vu bis zu 95 km/h méiglech.

ICON

(Grafik: wxcharts.com) Den däitsche Wiedermodell ICON rechent de Kär vum Stuermdéif e bësse méi wäit südlech, sou dass och d’Stuermfeld e Stéck méi südlech duerchzéie kéint. Ass dat de Fall, da wier Lëtzebuerg awer ëmmer nach am Aflossberäich vun dem Ganzen. Stierme kéint et dem no virun allem am Nordweste vu Frankräich, mee och un der belscher/hollännescher Küst. Schon dagsiwwer kéinte bei eis am Land Spëtzte vun em 55 oder 60 km/h areecht ginn, um Owend kéint et dann uschléissend eng kuerz Zäit zu Stuermstéiss bis em 75 km/h kommen. A Richtung Méinde soll sech de Wand da verstäerken, mee net bei eis. D’Stuermfeld hätt eis zu dësem Zäitpunkt scho laang passéiert. Dat ganzt betrëfft dann éischter de Süden an och den Oste vun Däitschland. Zumools op de Koppe kéint et lokal zu Spëtzte vu 90 bis 100 km/h kommen.

ARPEGE

(Grafik: wxcharts.com) Nach méi wäit südlech gëtt de Kär vum franséischen ARPEGE berechent. E soll souguer un den hollännesche Küste kraazen an dann an den äusserste Nordweste vun Däitschland eranzéien. Dëst géif bedeiten, dass de Norde vun Däitschland kaum eppes vu Stuermstéiss matkréie géif. Haaptsächlech betraff wieren an dësem Fall de Nordweste vu Frankräich, d’Belge Küst an déi südlech Deeler vun den hollännesche Küsten, d’Géigend ronderemt Aachen, Lëtzebuerg bis erof an de Nordoste vu Frankräich. A Richtung Méindevirmëtte verlagert sech d’Stuermfeld weider iwwer Süddäitschland a Richtung Tschechien. An der lëtzebuerger Géigend kéinten dësem Modell no Wandspëtzte vun em 75 bis 80 km/h optrieden. Méi héich geleeë Géigende, wéi z.B ronderemt Aachen, hätte lokal bis em 95 oder och 100 km/h ze erwaarden. Am Beräich Berck am Nordweste vu Frankräich wiere verbreet bis 105 km/h méiglech.

De Fazit fir Lëtzebuerg

Sou wéi et de momentane Modellrechnunge no ausgesäit, wiere vum spéidere Sonndenomëtten un bis an d’Nuecht op de Méinden era Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h méiglech, op de Koppe kéinten och mol Spëtzte vun em 80 km/h dobäi sinn. Just am Beräich vun enger méi staarker Schauer kéinten dës Wäerter getoppt ginn.

Livestream ë.A zum Thema Stuermwahrscheinlechkeet vum 26.09.2019