Atlantik mat Rekordtemperaturen: Wéi wierkt sech dat op eis aus?

Den Atlantik ass esou waarm wéi nach ni virdrun, an déi méiglech Konsequenzen dovun sinn alles anescht wéi berouegend.

Advertisement

Ale Rekord ëmt en hallwe Grad iwwertraf

D’Duerchschnëttstemperatur vum Atlantik läit de Moment bei 22,7 Grad, wat den ale Rekord aus dem Joer 2010 ëmt en hallwe Grad iwwertrëfft – dat kléngt net no vill, ass a Wierklechkeet awer immens signifikant, virun allem well mir vum ganzen Atlantik schwätzen. Zanter méi wéi dräi Méint ass och deen Deel vum Atlantik direkt virun der Hausdier vun Europa vill méi waarm wéi normal.

Net nëmmen den Atlantik weist sech de Moment mat gréisseren Anomalien, mee d’Weltmierer am Allgemengen. Zanter Mëtt Mäerz sinn d’Uewerflächentemperaturen vun de Weltmierer vill méi héich wéi soss ëmt dës Joreszäit, an dat zanter Opzeechnungsufank. Ufanks Abrëll ass global gekuckt mat 21,1 Grad den héchsten bis ewell gemoossene Wäert erreecht ginn.

Firwat ass dat esou?

Ee Grond fir déi héich Temperaturen ass de globale Klimawandel. 90% vun der Energie, déi vun den zousätzlechen Zäregasen agefaange ginn, iwwersetzt sech an déi iewescht Schichten vun de Weltmierer, wat an enger Erwiermung resultéiert.

Ee vun e puer Faktoren, déi dozou bäidroen, dass sech d’Mierer net grad esou erhëtzen, schéngt aus engem nach net ganz gekläerte Grond ewechzefalen: De Saharastëbs. Duerch de Passatwand gëtt dësen bis ganz eriwwer an d’Karibik transportéiert an huet dem Mier esou ëmmer e gewësse Grad u Schiet ginn. Aus engem net bekannte Grond ass de Passatwand de Moment awer zimmlech schwaach, wat dozou féiert, dass manner Stëbspartikelen an der Atmosphär ënnerwee sinn – resp. sech net esou wäit ausbreeden. Aus dësem Grond ka sech d’Mier also méi erwiermen, well et méi Sonn ofkritt.

D’Auswierkungen op eist Wieder

Duerch en däitlech méi waarmt Mier (besonnesch virun den Diere vun Europa) ka méi Waasser verdonschten, wat automatesch och méi Energie fir potenziell Naturkatastrophen an Onwieder bedeit. Dréint sech also déi momentan nordëstlech bis ëstlech Stréimung op Südwest, da wanderen dës immens fiicht a waarm Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa – an duerch déi grouss Temperaturanomalie vum Atlantik selwer kéint de Wiedersystemer, déi entstinn, op d’mannst punktuell méi Energie wéi soss zur Verfügung stoen. Dëst bezitt sech elo net nëmmen op d’Kuerzfrist, mee op déi allgemeng Zukunft.

Well den Atlantik nach ni esou waarm war, sinn déi genee Konsequenzen an och hir Intensitéiten nëmme schwéier ofzeschätzen. Et ass also e Punkt erreecht ginn, wou een der Saach nëmme nach ka nokucken. Ze erwääne bleift och, dass sech dëse Prozess immens séier entfalt. Wéi mir wëssen, hänkt alles op der Äerd iergendwéi zesummen – a grad well d’Weltmierer sech esou séier erwiermen, kënnen doduerch och nach aner Prozesser a Gang bruecht ginn (Stéchwuert Kipp-Elementer).