Ausbléck: Besserung nom ville Reen a Wand?

Dat turbulent Wieder wäert sech dës Woch nach richteg bemierkbar maachen. Mee wat kënnt duerno?

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 05.04.2022:

Gëschter Moie war et jo nach richteg frëndlech, et huet no engem gudde Wochestart ausgesinn – wiedertechnesch. Dunn koum séier de Reen zréck mat enger gudder Portioun Wand, an ech mengen, dat droe mir dës Woch nach e gutt Stéck mat eis mat. De Philippe Ernzer erzielt eis elo méi dozou.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Mir haten et déi lescht Woch ugekënnegt an et ass dunn och esou komm.

Jo den Ëmschwong koum nawell séier. En huet sech zwar och duerch méi Nidderschléi bis ewell bemierkbar gemaach, mee haaptsächlech duerch richteg knackeg Temperaturen an de fréie Moiesstonnen. Esou ware mir vum Freidemoien un mat richteg nidderege Wäerter ënnerwee, de keelste Moie war deen vu gëschter mat knapp -8 bis -3 Grad. De Changement geet virun, d’Temperature bleiwen an de fréie Moiesstonne sécher net an dësem Beräich. Dës Woch gëtt nach eng, aus meteorologescher Siicht, immens interessant.

Wat bréngt de momentane Wiederchangement dann nach fir interessant Entwécklunge mat séch?

Dës Woch ginn et zwee Parameter, op déi een en Aen geheie muss: dës sinn de Reen mee och de Wand. Mir fänken einfach mol beim Wand un:

Héije Loftdrock verzitt sech weider a Richtung Mëttelmierraum, déiwe Loftdrock kënnt vum Atlantik hier op Mëtteleuropa gezunn. Dotëscht baut sech eng gréisser Loftdrockdifferenz op – an dës probéiert d’Atmosphär mat Wand auszegläichen. Et gëtt sécher eng lefteg Woch, mee et sinn eben och Momenter dobäi wou esouguer stiermesch Entwécklunge net ausgeschloss sinn.

Wéini wieren dës méi potenziell méi stiermesch Phasen dann méiglech?

De Méinde war schonn mat Wandvitesse vu bis zu 65 km/h en zimmlech ongemittlechen, obwuel en eigentlech zimmlech frëndlech ugefaangen haat. De nächsten Dag, deen een a Saache Wand e bëssen am Aen hale soll, ass den Donneschden. De Modellrechnunge no zitt do nämlech e Stuermdéif vun der Nordséi hier a Richtung Ostséi an dréit dobäi e Stuermfeld mat séch, wat och eis heiheem beaflosse géif. D’Intensitéite ginn awer nach ënnerschiddlech berechent: iwwerdeems den amerikanesche Wiedermodell Vitesse vu bis ëm 90 km/h op eis duerkomme gesäit, ass den europäesche grad emol mat bis ëm 80 km/h ënnerwee. Dës Berechnunge pendlen déi ganzen Zäit hin an hier – et ginn also nach gewëss Onsécherheeten. Egal wéieent vun dësen Zenarie kënnt, et wier komplett normal fir d’Joreszäit.

Vum Wand komme mir dann bei de Reen. Wat soen eis d’Wiederkaarten do?

Beim Reen ass et änlech wéi mam Wand: déi tatsächlech Entwécklungen duerno hänke staark dovun of, wouhi genee d’Kären vun den Déifdrockgebitter zéien. Schonn Verréckelungen vun e puer 100 Kilometer maache beim Wieder Welten aus. Den europäesche Modell gesäit bis de Sonnden inclus Reequantitéite vun tëscht 70 a 90 l/m² op eis duerkommen, wat schonn uerdentlech wier. Dat meescht dovu kéim vum Donneschden un zu stanen, dat duerch dat virdru genannt Stuermdéif. E weidere Stouss soll eis dann e Randdéif ginn, wat um Freiden iwwert eis ewechrausche kéint. Den amerikanesche Modell gesäit dat Ganzt méi entspaant an ass bis Enn der Woch grad emol mat 35 bis 55 l/m² ënnerwee. Hëlt ee verschidden aner Modeller mat dobäi, da kann et awer bal sécher op iwwer 50 l/m² erausgoen.

Ass dann schonn eng Berouegung mat besserem Wieder um Horizont ze gesinn?

Déi lescht Kéier huet et jo nach guer net dono ausgesinn, mee et schéngt esou wéi wann d’Modeller awer un eppes um bastele wieren. D’Aktivitéit vum déiwe Loftdrock schéngt vun der nächster Woch un ofzehuelen, wat schonn mol manner Wand an och méi roueg a frëndlech Momenter mat Sonn bedeite géif. Dem amerikanesche Modell no kéint sech dann den héije Loftdrock bis an déi zweet Abrëllshallschent era behaapten. Den europäeschen ECMWF ass änlech ënnerwee, wëll awer e puer Stéierungen dotëscht a Form vun weideren Déifdrockgebitter net ausschléissen.

Sinn och opfälleg Temperaturbeweegungen dran?

Also ech ka mol verroden, dass an de Kaarten Zenarien mat gutt iwwer 20 Grad dobäi sinn – a Richtung Mëtt Abrëll wuelgemierkt – mee dat soll ee mol nach mat grousser Virsiicht genéissen. Dat ka muer schonn erëm komplett anescht ausgesinn. Wat de Frascht ugeet besteet nach eng kleng Warscheinlechkeet elo an der zweeter Wochenhallschent, mee déi kéint dann an der nächster Woch gréisstendeels verschwannen.

Mir mussen also nach eng Woch op d’Zänn bäissen, duerno schéngt et jo op mannst e bësse besser ze ginn. Mir gesinn eis d’nächst Woch erëm, bis dann Philippe.