Ausbléck: De Weekend méiglecherweis erëm en Hauch vu Summer

D’Grousswiederlag bleift dëst Woch eng variabel. An awer gesinn d’Modeller, dass sech a Richtung Weekend eppes a Punkto Temperaturen doe kann.

Temperature ginn zréck, mee…

Wéi virausgesot, si mir mat summerlechen a bal héichsummerlechen Temperaturen an déi nei Woch eragestart. Zu Miersch konnt beispillsweis eng Maximaltemperatur vun 28,8 Grad gemooss ginn. An de nächsten Deeg maachen d’Temperaturen awer rem e klenge Knéck no ënnen. Um Dënschde si nach Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad ze erwaarden, de Mëttwoch sinn et 16 bis 21 Grad an och um Donneschde soll et bei 16 bis 21 Grad éischter variabel virugoen. An duerno?

Déi viraussiichtlech Situatioun de nächste Weekend (ECMWF – wxcharts.com)

Trend: Temperature klammen a Richtung Sonnden

Den europäeschen ECMWF an och den amerikanesche GFS rechnen aktuell (Stand 14.07.2020 – 01:00 Auer) domat, dass sech a Richtung Weekend den héije Loftdrock vum Atlantik méi wäit iwwer Deeler vu Mëtteleuropa leeë wäert. Dëst féiert dozou, dass d’Zoufuer vu méi kille Loftmassen op mannst kuerz net méi sou méiglech ass wéi de Moment. Wéi wäit nërdlech sech den “Aarm” vum Héichdrock iwwer Mëtteleuropa ausstrecke wäert, ass awer nach net gewosst. Op alle Fall entscheed dat driwwer, wéi wäit déi summerlech Loftmassen a Richtung Norde fléisse kënnen. Ee Beräich, wou summerlech Temperaturen an de nächsten Deeg am onwarscheinlechste sinn, ass de Norde vun Däitschland.

Duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierberäich an héije Loftdrock mam Kär iwwert dem Atlantik ginn eis a Richtung Weekend lues a lues erëm méi waarm Loftmassen zougespillt. Confirméiere sech déi aktuell Berechnungen, da kéinte mir de Freide bei 20 bis 24 Grad ukommen. De Samsden wiere 24 bis 29 Grad méiglech an um Sonnde 26 bis 30 Grad. Ob et duerno summerlech virugeet, kann een elo awer nach net soen. De grad genannten Trend muss sech virdéischt mol confirméieren.