Ausbléck: En Donneschden deels méi kräfteg Schliet mat stramme Wandstéiss

Wéi am Wochenausbléck betount, gëtt déi zweet Wochenhallschent eng zimmlech variabel. Muer en Donneschden erwaarden eis Schaueren, déi och mol méi kräfteg ausfale kënnen. Och de Wand wäert eng Roll spillen.

Advertisement

Eng breet Sträif

Et ass eng breet Sträif iwwer Mëtteleuropa, an där sech en Donneschden eng ganz Partie Schaueren entluede wäerten. Eenzelner vun dëse kënne méi kräfteg ausfale, wat sech a Form vu Staarkreen mee awer och kräftege bis stiermesche Wandstéiss bemierkbar mécht. Och dat engt oder anert Donnerwieder ass iwwerdeems net ausgeschloss.


De breede Beräich, an dem en Donneschden déi méi kräfteg Schaueren optriede kënnen | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrondkaart: OpenStreetMap

Betraff ass e gréisseren Deel vum Norden & Nordoste vu Frankräich, BeNeLux an déi mëttels Deeler vun Däitschland. Am Laf vum Dag kënnen déi méi kräfteg Schaueren och méi wäit an de Nordoste vun Däitschland ausgräifen.

De Verlaf zu Lëtzebuerg

No e puer méigleche Rescht-Nidderschléi aus der Nuecht op den Donneschden erwaarden eis déi ugeschwat Schaueren am Laf vum Virmëtten. D’Aktivitéit soll sech bis an de Nomëtten eran intensivéieren – wéi gesot si punktuell méi kräfteg Schliet dobäi oder och mol en eenzelt Donnerwieder. Wat d’Wandstéiss betrëfft si mir bei tëscht 50 a 70 km/h ënnerwee, et heescht also de Prabbeli gutt unzehale wann ee wärend esou engem Wollekebroch dobaussen ënnerwee ass.


Déi méiglech Verdeelung vun de Schaueren am Donneschde-Nomëtte, berechent vum ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Vum spéidere Nomëtten / fréien Owend u gëtt et e klenge méi dréchene Moment – Et dauert awer net all ze laang bis eis aus Westen d’Ausleefer vun engem weideren Déifdrockgebitt erreechen, déi sech virun allem a Richtung Freidemoie méi markant bei eis wäerte bemierkbar maachen.