Ausbléck-Update: Chancen op Reen ginn zréck, geschwënn erëm 30 Grad

Wéi de vergaangene Mëttwoch schonn ugeschnidden, erwaarden eis geschwënn erëm Zäite mat enger manner gudder Chance op Reen. Eis Temperature klammen och erëm an den héichsummerleche Beräich.

D’Grousswiederlag

Elo de Weekend iwwer dréckt aus Westen héije Loftdrock eran, deen sech bis an déi nächst Woch eran hale wäert. Nëmmen heiansdo ass mol e Moment dobäi, wou dësen e bëssen an d’Knéie gewonge gëtt, wou dann awer nëmmen eng minimal Chance op eng Schauer besteet. Am grousse Ganze bleift et wuel dréchen, dat mol bis Mëtt der Woch.

Duerch d’Konstellatioun aus héijem Loftdrock iwwert dem Kontinent selwer an och méi wäit ëstlech, esouwéi aus déiwem Loftdrock iwwert dem Südweste vun Europa, ginn erëm méi waarm bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt. Besonnesch ronderëm Mëtt der nächster Woch gesinn d’Modeller also erëm mat Maximaltemperature vu bis zu 30 Grad an driwwer.

De Verlaf vun den Temperaturen

Et ass ni wierklech kal, just mol an de Nuechten. Esou kënnen d’Temperaturen an der Nuecht op de Sonnde beispillsweis a verschiddenen Däller op bis zu 7 Grad zréckgoen. Um Sonnde selwer ass mat Maximaltemperature vun tëscht 23 a 27 Grad ze rechnen. A klenge Schrëtt kënnt dann d’Zoufuer vun de méi waarme Loftmassen erëm un d’Rullen, wouduerch et um Méinde mat 25 bis 29 Grad erëm e Stéckche méi waarm gëtt. Och den Dënschden hätte mir et aus aktueller Siicht gesi mat änleche Wäerter ze dinn.


D’Wiermtpompel aus Süde suergt bei eis erëm fir héichsummerlech Temperaturen | Grafik: wxcharts.com

An den héichsummerleche Beräich géif et dann erëm vum Mëttwoch u goen, dat mat Maximaltemperature vun tëscht 28 an 32 Grad. Den Donneschde sollen d’Wäerter net all ze vill änneren, deemno wéi kéint et just punktuell begrenzt och mol fir eng 33 Grad duergoen. Fir de Freiden, Samsden a Sonnde sollen d’Maximalwäerter erëm op tëscht 25 an 28 Grad zréckgoen.

Déi viraussiichtlech Reequantitéite bis Enn der Woch

Natierlech ass nach laang net dat lescht Wuert geschwat – virun allem well den europäeschen ECMWF dann trotzdem e puer Schauere net ausschléisse wëll, haaptsächlech an der zweeter Wochenhallschent. Den amerikanesche GFS ass manner optimistesch ënnerwee.


D’Reequantitéite bis de Sonnden, 28. August inlcus | Grafik: wxcharts.com

An Zuelen ass de GFS mat genee 0 l/m² bis de Sonnden, 28. August inclus dobäi. Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit awer d’Chance op tëscht 10 a knapp iwwer 20 l/m² op eis duerkommen. Dëst ass wuel op, laut dësem Modell, méiglech Schaueren an Donnerwieder fir de Freiden an och de Sonnden zréckzeféieren. Ob dës awer geschwënn erëm aus der Berechnung verschwannen oder sech esouguer duerchsetze, muss ofgewaart ginn. Sollten dës lokal Evenementer aus bleiwen, da géif eis ouni gréisser Zweiwel erëm eng immens dréche Woch ustoen.