Bayern: De “südlicher Schneeferner” ass offiziell kee Gletscher méi

Duerch d'Äerderwiermung schmëlzen d'Äisfläche weltwäit - an duerch déi immens héich Temperaturen am elo vergaangene Summer huet Bayern esouguer offiziell e Gletscher verluer.

Bayern huet e Gletscher verluer

De vergaangene Summer huet Spuren hannerlooss – dat och a Bayern. Zanter Jore schmëlzt de Gleschter d’Äis fort, dat mat enger héijer Vitesse. Elo ass et dann esouwäit: de Georadar-Miessunge no huet de “südlicher Schneeferner” esou vill Äisfläche verluer, dass en offiziell net méi als eegestännege Gletscher unerkannt ka ginn. D’Déckt vum Äis erreecht op ville Plaze mol net méi e Meter. Esouguer op der déifster Plaz ass d’Schicht mol keng sechs Meter méi déck. Fir ze vergläichen: 2018 waren et nach ongeféier zéng Meter.

Duerch dës markant Entwécklung rechnen Experten elo domat, dass d’Äis, wat iwwereg bliwwen ass, a gutt engem bis zwee Joer och wäert verschwonne sinn. D’Fläch vum Gletscher hätt sech alleng an de leschte 4 Joer ëm d’Hallschent reduzéiert.

De “südlicher Schneeferner” gëtt zanter 1892 reegelméisseg iwwerwaacht a vermooss – eng Virgoensweis, déi elo awer agestallt gëtt. Déi aner Gletscher un der Zugspitze, also de nördlicher Schneeferner an den Höllentalferner an och déi un de Berchtesgadener Alpen (Blaueis, Watzmanngletscher) gëlle nach weiderhin offiziell zu de Gletscheren a wäerte weider vermooss an iwwerwaacht ginn.

Quell: BAdW