Bilan: Januar 2023 war knapp 2 Grad ze waarm an e Stéck ze naass

Virun allem déi éischt Hallschent vum Januar ass duerch däitlech ze héich Temperaturen opgefall, wat sech natierlech signifikant op déi méintlech Moyenne ausgewierkt huet.

Advertisement

Ze waarm, ze naass & Mangel u Sonnestonnen

De meteorologesche Mount Januar weist sech, baséierend op den Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel wärend der Referenzperiod vu 1991-2020, normalerweis mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 1,4 Grad. A Saache Nidderschléi sinn et 72 l/m², déi an engem Januar erofkommen, iwwerdeems d’Sonn an der Moyenne 52 Stonne laang schéngt. Elo am vergaangene Januar 2023 ass et zu gréisseren Anomalie komm.

Mat enger Moyenne vun 3,3 Grad war de Januar 2023 um Findel 1,9 Grad ze waarm. Déi héchst Temperatur ass den 1. Januar mat 12,3 Grad opgetrueden. Zur Erënnerung: Et war de wäermste Joreswiessel zanter Opzeechnungsufank. Déi nidderegst Temperatur ass de 26. Januar mat -5,9 Grad gemooss ginn.

Gereent huet et de ganze Mount iwwer 102 l/m², wat also en däitlechen Iwwerschoss vun 30 l/m² ass. De reeneregsten Dag war de 15. Januar mat 23,8 l/m². Fir de Rescht haat de Januar 2023 am ganze 19 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet.

D’Sonn huet am Januar just 27 Stonne geschéngt, normal ginn awer, wéi gesot, 52 Sonnestonne gezielt.

Donnéeën: MeteoLux