Bléck op de Weekend: D’Sonn kënnt sech ëmmer méi oft weisen

Et steet eis e nawell schéine Weekend an d’Haus.

D’Grousswiederlag

Iwwert de Weekend erweidert den héije Loftdrock säin Afloss op Lëtzebuerg. Soumat wäert et manner wollekeg ginn an déi méi kill Loftmasse ginn esouwäit fortgehalen, dass eis ëmmer nach agréabel Temperaturen ustinn.


Den héije Loftdrock bleift eis iwwert de Weekend erhalen | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 15. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et meeschtens liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 a 15 Grad erop an et zéien e puer Wolleken duerch. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et zéien eng Partie Wolleken duerch, och mol där méi décker, d’Sonn weist sech awer och mol dotëscht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, den Himmel ass gréisstendeels kloer.

Samsden, 16. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 12 Grad erop. Et gëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 a 17 Grad dobäi, de Wand bléist spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h dobäi. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, d’Sonn kritt also besser Chancen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Sonnden, 17. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 11 Grad erop. Et bleift frëndlech bei vill Sonn. Mëttes an am Nomëtten ännert sech net vill, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 14 an 18 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Osten, an de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, den Himmel ass kloer.