De Wochenausbléck: Reen weiderhi rar, Temperature bis ëm 20 Grad

An der neier Woch steet eis weiderhi kee gréissere Changement an d’Haus.

D’Grousswiederlag

Vun der Grousswiederlag hier hu mir et bis an déi zweet Wochenhallschent eran mat héijem Loftdrock ze dinn, deen heiansdo awer vun den ëmleienden Déifdrockgebitter kann zesummegedréckt ginn. Dëst huet, ausser e puer méi déck Wolleke, keng gréisser Konsequenze fir eis. Ee potenziellen Datum fir Reen oder esouguer Donnerwieder kéint de Samsden eréischt sinn.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Ouschterméinde starte mir mat vill Sonn an d’Woch eran, se begleet eis de ganzen Dag iwwer. D’Temperature packen et op 16 bis 19 Grad, nodeems se um fréie Moien tëscht 4 a 6 Grad louchen. De Wand ass nëmme liicht spierbar ënnerwee. Um Dënschden ass mat 16 bis 20 Grad ze rechnen, am Laf vum Dag gëtt et séier méi wollekeg. Et sollt, trotzdeem, gréisstendeels dréche bleiwen. De Wand ass net weider markant. Och um Mëttwoch zéien eng Rei méi déck Wolleken duerch, dotëscht weist sech d’Sonn awer. D’Nidderschléi si weiderhi keen Thema.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent ginn et keng gréisser Ännerungen. Um Donneschden hu mir et, Stand elo, mat vill Sonn ze dinn. D’Temperature klammen op 14 bis 19 Grad. Um Freide wiessle sech Sonn a Wolleke bei 15 bis 19 Grad of, et bleift gréisstendeels dréchen. Um Samsden dréckt vu Südwesten hier déiwe Loftdrock eran, duerch deen et net onméiglech ass, dass et mol zu Schaueren oder och mol dem engen oder aneren Donnerwieder kënnt. 17 bis 19 Grad. Um Sonnde klammen d’Temperature nach op 14 bis 17 Grad, et ass bedeckt an et kënnt zu Schaueren.