Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock probéiert sech nach ze halen

An dëser Woch huet den héije Loftdrock gréisstendeels dominéiert. Haut um Donneschden erliewe mir zwar déi éischt kleng Stéierung, mee iwwert de Weekend sollt et awer nach halen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nodeems haut um Donneschden déi maskéiert Kalfront duerchzitt, déi mir zanter e puer Deeg um Schierm haten, kämpft sech muer um Freiden den héije Loftdrock zréck. Iwwert de Weekend selwer soll et sou also gréisstendeels dréche bleiwen an et geet esou virun, wéi mir et och an de leschten Deeg haten. Mir hunn et mat Niwwel & Wollekefelder ze dinn, et gëtt just eng kleng Chance dass dës sech verzéien an d’Sonn duerchkënnt.


De Verlaf vum Wiederzoustand iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Vum Méinden un erwaart eis dann wuel e Flip vun der Grousswiederlag, mee dozou méi an engem aneren Artikel.

De Verlaf

E Freidemoien ass et bedeckt, d’Modeller weise nach e puer geréngfügeg Nidderschléi. Duerch Temperaturen, déi tëscht -1 an 1 Grad leien, kommen dës gréisstendeels als liichte Schnéi erof. Glat Stroosse si méiglech. Am Laf vum Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 0 an 3 Grad erreecht, am Laf vum Dag geet déi kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet zréck. Et bleift zimmlech dréif, ausser déi kleng Chance vun eenzelne sonnege Momenter géif sech duerchsetzen.

E Samsde starte mir erëm niwweleg an den Dag, am Laf vum Dag klëmmt awer erëm d’Warscheinlechkeet fir Opkläerungen. D’Temperaturen ënnerscheede sech mat -1 bis 2 Grad net grouss vum Virdag. An der Nuecht op de Sonnde ginn d’Temperaturen op tëscht -6 a -11 Grad zréck, am Laf vum Sonnde gi Maximaltemperature vun tëscht -1 an 2 Grad erreecht. Et ass erëm meeschtens dréif duerch Niwwelfelder, d’Chancen op sonneg Momenter sinn aus aktueller Siicht net all ze grouss.