Bléck op de Weekend: Temperature klamme nëmmen a klenge Schrëtt

E klengt Wanterdéif huet de Moment d’Iwwerhand iwwer eist Wieder. Eréischt am spéidere Verlaf vum Weekend gëtt et no a no méi mëll.

Grousswiederlag

E Schnéidéif läit de Moment iwwert eise Käpp, de Kär passéiert eis de Moie knapp westlech. Dëst Déif bréngt méi kill an och fiicht Loftmasse mat séch – kee Wonner also, dass plazeweis Schnéiflacken erofkommen. Och soss am Land besteet duerch Nätzt déi fréiert de Risk vu lokal glate Streckenofschnëtter.

De Verlaf

Freiden, 01. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi leien d’Temperaturen tëscht -2 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 a 4 Grad erop. Et bleift bedeckt, et ass mat Nidderschléi wéi Schnéireen ze rechnen. Am Südoste vum Land ass et meeschtens Reen, op den héchste Koppen ass et Schnéi. Glat Stroosse sinn ze erwaarden. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperature net méi wäit, et bleift bedeckt an et kënnt weiderhin zu de genannte Nidderschléi. D’Sonn huet keng all ze gutt Chancen, et bleift gro. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 an 1 Grad zréck, et ass weiderhi bedeckt an et kann ëmmer nach naass ginn. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.

Samsden, 02. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et kënnt zu eenzelne schwaache Nidderschléi. D’Temperature leien tëscht -3 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 an 2 Grad erop. Et bleift bedeckt, mee et gëtt méi dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. D’Wolleke bleiwen, mee d’Nidderschléi sollte sech och gréisstendeels zréckhalen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a -2 Grad zréck, et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg. Duerch Nätzt déi fréiert kann et erëm glat Stroosse ginn.

Sonnden, 03. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 an 3 Grad erop. Glat Stroosse si méiglech, et gëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Den Himmel bleift bedeckt, de Nidderschlag hält sech awer zréck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a 0 Grad zréck, et ass liicht wollekeg. Glat Stroosse sinn trotzdeem méiglech.