![bannerweb](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2022/02/bannerweb-2-678x381.png)
Nodeems mir de Sonnden schonn zanter e puer Deeg am Aen hunn, si Stuerm an Dauerreen mëttlerweil zimmlech sécher ginn. Dëst ass de Fuerplang. Titelbild: dpa
Gréisseren Déifdrockkomplex
Verantwortlech fir dat alles ass e gréisseren Déifdrockkomplex dee mat senge Kären ongeféier am Beräich vu Skandinavie läit. Duerch e grousst Héichdrockgebitt, wat iwwerdeems westlech vu Spuenien a Portugal läit, ginn d’Isobaren tëscht den zwee Drockgebitter zimmlech no uneneegequetscht. Dëse Loftdrockënnerscheed gëtt probéiert ausgeglach ze ginn, an dat geet just duerch Wand – dee mir muer um Sonnden definitiv spiere wäerten.
Den Oflaf
Schonn an der Nuecht op de Sonnde gëtt de Wand a klenge Schrëtt méi staark. Um fréie Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent schonn verbreet, an de Spëtzte packt et de Wand op Spëtzte vun ëm 60 km/h. Vum Virmëtten bis an de fréie Mëtten era sinn déi éischt Spëtzte vu bis ëm 75 km/h dobäi, ier am weidere Verlaf vum Nomëtten de Maximum ustoe soll. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir tëscht 13 a 17 Auer mat Stuermstéiss vun tëscht 70 a 95 km/h, den europäeschen ECMWF ass mat bis knapp 90 km/h dobäi. Och den däitschen ICON ass an dësem Beräich ënnerwee, genee wéi de franséischen ARPEGE deen och déi selwecht Schinn wéi den amerikanesche GFS fiert.
![](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2022/02/1-2.png)
Wärend dem Frontenduerchgang kann et duerchaus mol zu méi kräftege Schauer-Segmenter kommen. Am Beräich vun dësen ass et net onméiglech, dass schwéier Stuermstéiss vun iwwer 100 km/h optriede kënnen. Dës sinn awer éischter als Ausnam unzegesinn.
Vum Owend u gëtt de Wand manner staark, e bleift awer spierbar. Wandstéiss bis ëm 75 km/h kënne nach bis an de Méindemoien eran optrieden.
De Reen
Muer um Sonnden ass quasi de ganzen Dag laang mat Reen ze rechnen – dat wierkt sech natierlech och op d’Quantitéiten aus. De GFS rechent bis an de fréie Méindemoien era mat tëscht 15 a 27 l/m² Reen, den europäeschen ECMWF mat 18 bis ëm 25 l/m². Den däitschen ICON ass mat 15 bis knapp 30 l/m² net vill anescht ënnerwee, de franséischen ARPEGE gesäit dëst ganz änlech.
![](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2022/02/2-2.png)