De Wochenausbléck: Eng meeschtens roueg & wanterlech Woch

Ofgesi vum Mëttwoch soll de ganze Verlaf vun der Woch zimmlech roueg, mee nach zimmlech kal ausfalen.

D’Grousswiederlag

No enger Loftmassegrenz, déi Mëtt der Woch fir e bësse Wirbel suergt, soll et fir de Rescht bis de Sonnden erëm méi roueg ginn – héije Loftdrock soll sech nämlech erëm duerchsetzen, wat awer de nidderegen Temperature weiderhin an d’Kaarte spillt. Nach.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde si mir mat Niwwel an den Dag eragestart, deen sech virun allem op de Koppe méi laang gehalen huet. De Moie fréi si Minimaltemperature vun tëscht -6 a -2 Grad opgetrueden, am Nomëtten ass mat Maximalwäerter vun tëscht -2 an 2 Grad ze rechnen. D’Sonn kënnt sech och mol weisen an et bleift dréchen.

Muer um Dënschde gëtt et no a no méi wollekeg, d’Temperature leien an de Fréistonne bei tëscht -10 a -6 Grad – esou déi momentan Modellrechnungen. Am Laf vum Dag schaffe se sech op -1 bis 2 Grad erop. Et bleift mol nach roueg, interessant gëtt et awer an der Nuecht op de Mëttwoch an um Mëttwochmoie selwer. Eng Loftmassegrenz suergt fir gréisser Onsécherheeten: vu geféierlechem Glëtz bis hin zu Schnéi ass alles méiglech. En ausféierlechen Update dozou kënnt nach haut den Owend, den Definitiven dann muer den Owend.

Ass de Mëttwoch iwwerstanen, dann erwaart eis um Donneschden erëm no a no bessert Wieder, wat sech bis de Sonnden esou fortsetze wäert. Eréischt vum spéidere Sonnden un wieren dem engen oder anere Modell no erëm nei Nidderschléi méiglech, inklusiv enger Erwiermung. Den Donneschde beweege sech d’Temperaturen dagsiwwer tëscht -1 an 2 Grad, genee wéi och um Freiden. De Samsde ginn tëscht -2 an 2 Grad erreecht an um Sonnden och. Ob d’Erwiermung schonn um Sonndenowend asetzt oder awer eréischt vun der nächster Woch un kläert sech eréischt méi spéit.

Fazit

Bis op de Mëttwoch steet eng roueg, mee kal a wanterlech Wiederwoch un. Wa mir de Mëttwoch mat sengen Onsécherheeten ignoréieren, da sinn och keng nennenswäert Nidderschléi ze erwaarden.