De Wochenausbléck: Héichdrockafloss bréngt rouegt Wanterwieder

No enger variabler Woch setzt elo rouegt Héichdrockwieder an.

Grousswiederlag

Nodeems déi vergaange Woch eng spannend an zäitweis turbulent war, ginn déi nächst Deeg dogéint richteg roueg. Héichdrock setzt sech duerch, duerch deen och d’Nidderschléi däitlech ofhuelen.

D’Héichdrockgebitt schläicht sech aus Südwesteuropa un a breet sech am Laf vun de nächsten Deeg iwwert dem Gros vum Kontinent aus. Mat ëm 1035 hPa soll et dann um Freide mat sengem Kär quasi direkt iwwert eis leien.

Wéi bei Héichdrocksituatiounen am Wanter sou üblech, ass dësen och erëm mat Niwwel- an Héichniwwel verbonnen. Nëmme wa sech dësen opgeléist kritt, stinn eis an de nächsten Deeg och där richteg frëndlech Momenter an d’Haus, dat mat vill Sonn. An de Nuechten an an de fréie Moiesstonnen ass stänneg mat liichtem bis ganz lokal méissegem Frascht ze rechnen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Mir starten de Méinde mat ville Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -4 a -1 Grad. No lokal spigelglate Stroossen an der Nuecht ass och um Moie nach mat glate Streckenofschnëtter ze rechnen. Am Nomëtte klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht -1 an 3 Grad. Wa sech de Niwwel verzitt, kritt sech d’Sonn duerchgesat. De Wand ass kaum spierbar. Och den Dënschde gëtt e ganz änlechen Dag, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 1 a 5 Grad. Léist sech de Niwwel op, kënnt sech d’Sonn weisen. Reen ass keen ze erwaarden. Um Mëttwoch klammen d’Temperaturen op tëscht 2 a 4 Grad, de Wand ass erëm schwaach ënnerwee. Wéi d’Modeller ausgesinn, ass d’Warscheinlechkeet vun duerchgängegem Niwwel um Mëttwoch e bësse méi héich.

Zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent geet et quasi genee sou virun. Um Donneschde si mir mat vill Sonn dobäi, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. 2 bis 4 Grad sinn dobäi erëm ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. De Freide weist sech vu genee där selwechter Säit, 3 bis 5 Grad sinn un. De Wand ass erëm net nennenswäert ënnerwee. De Samsde geet bei 3 bis 5 Grad viraussiichtlech mat engem Sonn- Wollekemix virun, virausgesat de Niwwel léist sech erëm op. Fir de Sonnde ginn aus aktueller Siicht gesi vill Wolleke simuléiert, dobäi sollt et awer net reenen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 2 a 4 Grad.