De Wochenausbléck: Lefteg, kill an ëmmer erëm naass

Eréischt a Richtung Enn der Woch klammen d'Temperaturen erëm e bëssen.

D’Grousswiederlag

Bis den Donneschde gi mir vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat vun de britteschen Inselen iwwer d’Nordséi hier an eis Géigende geléngt. Vum Donneschdenowend un bis an de Freidemëtten eran quetscht sech ganz kuerz méi héije Loftdrock dotëscht, ier sech vum Freidenowend/Samsdemoien un aus Westen déi nächst Kalfront op eis duerbeweegt. Dës kéint dann och e bësse méi markant ausfalen – op mannst mol aus aktueller Siicht.


E weideren hierschtleche Wocheverlaf steet un | Animatioun: wxcharts.com

Déifdrockafloss dominéiert

De Méinde gëtt eis schonn e gudden Abléck dorop, wat eis de Rescht vun der Woch erwaart – fairerweis muss een awer och soen, dass et net grad déi ganz Woch laang duerchreene wäert.

Mir sinn haut mat ville Wolleken an och den éischte Schaueren an déi nei Woch eragestart, d’Temperature packen et am Laf vum Dag op 9 bis 14 Grad. Vum Nomëtten u bis an den Owend era passéiert eis eng Kalfront, duerch déi et verbreet an punktuell och méi kräfteg reene kann. Dobäi opfälleg gëtt dann och de Wand, deen et an de Spëtzten op tëscht 50 a 65 km/h packe kann.

Muer um Dënschden zéie weiderhi vill Wolleken duerch an et ass ëmmer erëm mat Schaueren ze rechnen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 8 an 12 Grad. De Mëttwoch ka sech heiansdo och d’Sonn dobäigesellen, meeschtens ass et awer wollekeg. Et gëtt net méi esou fréquent naass, wat awer net heescht, dass et komplett dréche bleift. Den Donneschden hale sech d’Schaueren och e Stéckchen zréck, Sonn a Wolleke wiessle sech of. 10 bis 14 Grad ginn erreecht.

Kalfrontduerchgang de Weekend

Wa mir op de Freide kucken, da soll et aus aktueller Siicht gesi nach zimmlech laang frëndlech bleiwen. Am Laf vum Dag gëtt et zwar séier méi wollekeg, de Reen sollt awer eréischt méi spéit en Thema ginn. 13 bis 16 Grad sinn ze erwaarden.


De Kalfrontpassage fir de fréie Samsdemoien | Grafik: wxcharts.com

De Modellrechnunge no soll eis a Richtung fréie Samsdemoien eng Kalfront passéieren, déi je no Modellrechnung och e bësse méi markant ausfale kéint – dat duerch méi kräftege Reen an och mol potenzielle Stuermstéiss. De Samsde soll en Dag ginn mat e puer Schaueren, dat bei 13 bis 16 Grad an de Sonnde soll et dann liicht manner oft naass ginn, dat bei 13 bis 18 Grad.