De Wochenausbléck: Tëschenzäitlech erëm héije Loftdrock, Richtung Weekend méi waarm

An dëser neier Wiederwoch wäert et verschidden Ofschnëtter ginn. Mir pendelen tëscht variablem a manner waarmem esouwéi och méi frëndlechem an dréchenem Wieder hin an hier.

D’Grousswiederlag

E Méinden erreechen eis schonn no an d’Ausleefer vun engem Déif, am Laf vum Dag gëtt et nämlech e bësse méi wollekeg an d’Warscheinlechkeet vun enger ganz lokaler Schauer ass net null. En Dënschde passéieren eis dann engersäits eng Konvergenzzon, anderersäits eng Kalfront – et gëtt also e méi variabelen Dag. Duerno baut sech dann lues a lues erëm Héichdrockafloss op, deen bis de Weekend inclus kéint unhalen. Duerch en Déifdrockgebitt, wat dann e Méinden (18. September) eng änlech Roll kéint iwwerhuelen wéi dat muer um Dënschden, kéinten am Virfeld nach eng Kéier kuerzzäiteg spéitsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt ginn.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Et steet also erëm Achterbunn-Wieder um Programm – et geet zimmlech wäit erop an erof.

De Verlaf

Haut um Méinde gëtt et nach eng Kéier waarm, tëscht 27 an 31 Grad sinn ze erwaarden. Am Laf vum Dag kommen e puer Wolleken an d’Spill – ganz lokal begrenzt ass et net onméiglech, dass haut nach eng Schauer oder en Donnerwieder erofgeet. D’Warscheinlechkeet ass awer zimmlech kleng, wat heescht, dass et op de meeschte Plaze wäert dréche bleiwen. Muer um Dënschden ass dat eng aner Saach, well sech eng Konvergenzzon wäert iwwer BeNeLux leeën. Duerch dës entwéckele sech Schaueren an Donnerwieder, déi op lokaler Basis e bësse méi kräfteg kënnen ausfalen – virun allem duerch de Staarkreen. D’Temperature packen et nach op 22 bis 25 Grad. E Mëttwoch wiessele sech Sonn a Cumuluswolleken of, virun allem bis ronderëmt d’Mëttesstonn kann et nach lokal bësse naass ginn. Duerno gëtt et méi frëndlech a méi sonneg.

An der zweeter Wochenhallschent kënnt den ugeschwaten Héichdrockafloss mat an d’Spill, deen sech a Form vu vill Sonn an e puer eenzelne Wolleke soll weisen. En Donneschde klëmmt den Thermometer op 18 bis 22 Grad, e Freiden op 19 bis 24 Grad an e Samsde viraussiichtlech op 23 bis 27 Grad. Et gëtt e bësse méi wollekeg, mee d’Warscheinlechkeet fir Reen sollt eréischt e Sonnden e bëssen an d’Luucht goen – 23 bis 27 Grad.