De Wochenausbléck: Variabel, mee mat Summer-Comeback um Horizont

Mir leien dës Woch ënnert enger variabler Weststréimung. Trotz dem méi onbestännegen an ufanks nach méi kille Wieder steet eis schonn gläich e Summer-Comeback un.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis de Mëttwoch hu mir et iwwert dem Norde vun Europa mat déiwem Loftdrock ze dinn, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert de südlechen Deeler läit. Doduerch leie mir ënnert enger westlecher Stréimung, déi eis ëmmer erëm Déifdrockafloss op Lëtzebuerg bréngt. Doduerch kënnt et heiansdo zu enger Schauer oder e bësse Reen, mee vun de Quantitéiten hier hält et sech trotzdem a Grenzen.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Nidderschléi bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

E Changement schläicht sech dann awer vum Donneschden un un, well sech do den déiwe Loftdrock op den Atlantik eraus verlagert & héije Loftdrock a Richtung Osteuropa. Esou kënnt ëmmer méi déi waarm Loft aus Afrika, dem Mëttelmierraum a Spuenien un de laangen Hiewel a kéinten eise Weekend zu engem richteg hëtzegen maachen. Dozou awer méi an engem separaten Artikel.

De Verlaf

Haut e Méinde wiessle sech Sonn a méi déck Wolleken of, dobäi ass mat Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad ze rechnen. Den Dënschde gëtt e ganz änlechen Dag, d’Temperature klamme mat 21 bis 24 Grad just e klengen Tick méi héich. An der Nuecht op de Mëttwoch, resp. um fréie Mëttwochmoien, zitt eng Kalfront mat deels méi kräftegem Reen & Wand duerch. Dëse Reen wäert am Endeffekt awer just eng Drëps op de waarme Steen sinn. E Mëttwoch selwer wiessle sech dagsiwwer Sonn a Wolleken of, nëmme lokal ass mol nach eng lokal Schauer dobäi. Bei 17 bis 23 Grad ass et net wierklech summerlech.

An da kënnt déi zweet Wochenhallschent, an där et sech jo lues a lues soll änneren. En Donneschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, dat bei 20 bis 24 Grad. Richteg spierbar soll de Changement vum Freiden u ginn, un dem bei engem Mix aus ganz wéinege Wolleken & Sonn Maximaltemperature vun tëscht 24 a 29 Grad sollen erreecht ginn. E Samsde géife mir e grousse Sprong no uewe maachen, dat mat 29 bis 34 Grad. Et ass zwar nach net grad an dréchenen Dicher, mee e Sonnde sinn aus momentaner Siicht gesinn och 36 Grad net onméiglech – dat bei vill Sonn an e puer Quellwolleken. An der Nuecht op de Méinde kéint et deemno wéi zolidd kraachen.