De Wochenausbléck: Zweet Hallschent gëtt erëm méi variabel

Den héije Loftdrock kënnt esou lues un d’Wackelen. Schonn muer probéieren éischt Déifdrockausleefer sech bei eis ze weisen, ier et wierklech méi variabel wäert virugoen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Muer um Dënschde gëtt den héije Loftdrock, mat dem mir et haut nach ze dinn haten, lues a lues a Richtung Oste verdrängt. Ersatz gëtt dann déiwe Loftdrock aus westleche Richtungen, deen sech en Dënschde mol nach net ganz bei eis entfale kann. Besonnesch an der zweeter Wochenhallschent leet sech héije Loftdrock iwwert de Mëttelmierraum & Südwesteuropa, iwwerdeems dat engt Déifdrockgebitt no dem aneren duerch eisen Aflossberäich zitt. Et gëtt also geschwënn erëm méi variabel bei eis.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Iwwerdeems den Dag vun haut jo nach halbwegs gutt verlaf ass, sollen eis muer jo déi éischt Signaler fir de Wiederchangement opfalen. Um fréie Moie si schonn Schauere méiglech, am Laf vum Dag ass d’Warscheinlechkeet dofir awer net méi esou héich trotz de ville Wolleken. D’Temperature packen et nach eng Kéier op 10 bis 13 Grad. E Mëttwoch zéie méi Wolleken duerch, eng Okklusiounsfront passéiert eis am Laf vum Dag. Dës bréngt eis e puer Schaueren op Lëtzebuerg an et ka mat Spëtzte bis 50 km/h och e bësse méi lefteg ginn. Hannendru kann et weiderhi mol naass ginn.

En Donneschde passéieren eis vill Wolleken, zäitweis ass mat Reen ze rechnen. Tëscht 9 an 12 Grad stinn als Maximaltemperaturen un. E Freiden ass aus momentaner Siicht gesinn ëmmer erëm mat Schaueren ze rechnen, och en Donnerwieder kann dotëscht net ausgeschloss ginn – 11 bis 14 Grad. De Samsden an de Sonnde sinn tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, ëmmer erëm reent et. Virun allem e Sonnde kéint e bësse méi spannend ginn, eenzelne Berechnunge no kéint eis do e Randdéif méi zolitte Reen & stiermesche Wand matbréngen. Mee et ass jo nach eng Zäitche bis dohin…