D’Loftmassegrenz an dëser Nuecht/muer: Wat elo ze erwaarden ass a wat net

An dëser Nuecht kënnt se, déi laang ugekënnegt Loftmassegrenz. An Tëschenzäit ass de Glëtz zimmlech onwarscheinlech ginn, a Saache Schnéi bleift et aus meteorologescher Siicht awer spannend.

Vun der Nuecht un iwwer gréisseren Deeler vu Mëtteleuropa interessant

D’Situatioun mat der Loftmassegrenz beaflosst net nëmmen d’Wieder heiheem. Et ass also kee klenge System, mee et zitt sech iwwer Frankräich, BeNeLux, Däitschland, Schwäiz, Éisträich, Tschechien, Polen an zu engem spéideren Zäitpunkt esouguer bis a Russland eran.

An Tëschenzäit ass definitiv gewosst, dass Lëtzebuerg wärend dëser ganzer Geschicht am kale Beräich vun de Loftmasse bleift. Dat ass eng gutt Noricht, well doduerch de Risk vu Glëtz immens wäit erofgeet. Kënnt et zu Nidderschléi, dann also a Form vu Schnéischaueren.

D’Andeelung an der Groussregioun

Am Verglach zu gëschter huet sech d’Zon mat de Schnéischaueren e bësse méi an de Norde verlagert, iwwerdeems sech d’Zon mam poteziell geféierleche Glëtz vergréissert huet. Se zitt sech op dëser Kaart vu Nancy iwwer Stroossbuerg iwwer d’Mëtt vu Baden-Württemberg bis a Bayern eran a verdeckt a Richtung Süden och nach en Deel vun den Alpen. Bis muer de Mëtten ass an dësem moof markéierte Beräich also mat gréissere Problemer ze rechnen. Ënnert der Laascht vum Äis, dat sech un alle Géigestänn ofsetzt, kéinten esouguer Stroumleitungen duerchgerappt ginn – den Däitsche Wiederdéngscht DWD warnt viru Schued un Infrastruktur. Et ass mat markante Beanträchtegungen am Beruffsverkéier ze rechnen.


D’Andeelung vun de Nidderschlagszorten bis muer den Owend | Grafik: Météo Boulaide

De Beräich vum Glëtz ass also méi grouss ginn, zitt sech awer gläichzäiteg och méi wäit an de Süden. Dat weist also, dass déi meescht Modeller der Meenung sinn, dass déi waarm Loftmasse net méi esou wäit a Richtung Norde virukommen, mee vun de kille Loftmasse wäit vu Lëtzebuerg fortgehale ginn. D’Onwiederlag duerch Glëtz betrëfft eis heiheem also net.

D’Andeelung heiheem

Mir leien op der hei gewisener Kaart zwar och am Beräich an dem et schneie soll, allerdéngs sollt ee sech dovun net d’Welt erwaarden. Schnéifall heescht nämlech net, dass och wierklech eppes nennenswäertes leie bleift. Wéi mir et gëschter schonn beschwat hunn, ass d’Warscheinlechkeet vu Schnéifall bei dëser Wiederlag ausnamsweis an der Südhallschent méi grouss wéi am Norden. Dat läit dorun, dass d’Loftmassegrenz selwer, un där sech de ganze Nidderschlag orientéiert, südlech vu Lëtzebuerg läit. Dohier sinn d’Nidderschléi, logescherweis, méi no um Süde vum Land.


D’Warscheinlechkeet fir eng dënn Schnéicouche bis muer de Mëtten | Grafik: Météo Boulaide

Wat d’Schnéiquantitéite betrëfft soll ee sech, wéi gesot, net ze vill erwaarden. Fir d’Nordhallschent vum Land gëtt grad emol en dënne Flom bis héchstens ëm 2 cm Neischnéi berechent, an der Südhallschent geet de Beräich vum Méiglechen vun engem dënne Flom bis hin zu 4 cm.

D’Schnéifallgebitt mat de nennenswäerte Quantitéite soll dem Gros vun de Modeller no nëmmen hoerschaarf südlech u Lëtzebuerg laanschtgoen. Sollt dat an der Kuerzfrist oder duerno an der Realitéit awer änneren, dann wieren och heiheem aner Resultater méiglech. Zitt et méi wäit nërdlech, da géifen d’Chancen op Schnéi klammen. Méi wäit südlech de Géigendeel. Mee, egal wéi et kënnt: Muer de Moie kënnen am ganze Land glat Stroossen optrieden, egal wou et geschneit huet a wou net.