Éischte Bléck op de Weekend: Et gëtt méi reenereg

No de puer ganz lokale Nidderschléi aus de leschte Stonnen an Deeg steet eis de Weekend wuel erëm eng méi naass Zäit un.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer gëtt eist Wieder vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat mat sengem Kär nërdlech vun de britteschen Insele läit. Och e Randdéif ass a Richtung Sonnde net ausgeschloss, wat zousätzleche Reen brénge kéint. Wat dat klengt Déif betrëfft, ginn et awer nach gréisser Onsécherheeten. Virun e puer Deeg ass vun de Modeller nach eng méi markant Kalfront berechent ginn, déi muer hätt sollen iwwert eis ewechzéien. Dës Kalfront ass elo vum Timing hier méi wäit no hanne verréckelt ginn, nämlech an d’zweet Hallschent vun der Nuecht op de Samsden. Dës Kalfront wäert de méi naasse Weekend bei eis lancéieren.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De viraussiichtleche Verlaf

Mam Wëssen, dass de Wiederëmschwong eréischt méi spéit kënnt, erwaarden eis de Freidemoien deels méi knackeg Temperaturen. An den Däller am Norde sinn tëscht -2 an 1 Grad duerchaus denkbar, soss misste mir awer bei tëscht 4 a 6 Grad leien. Et ass Niwwel méiglech. Am Verlaf vum Dag kënnt sech d’Sonn weisen, et zéien e puer Wolleken duerch. Esou richteg wollekeg gëtt et awer eréischt vum Owend un, well eis an der Nuecht op de Samsde jo déi ugekënnegt Kalfront erwaart. De Reen sollt sech awer nach bis méi spéit zréckhalen, dagsiwwer ginn tëscht 12 a 16 Grad erreecht.

Nodeems de Kalfrontduerchgang an der Nuecht op de Samsde mat méi kräftegem Reen an och mol engem méi stramme Wand dohierkënnt, gëtt et de Samsden iwwer net vill besser. Et ass meeschtens bedeckt, op mannst bis an de fréie Nomëtten era reent et ëmmer erëm, dat och méi kräfteg a méi laang unhalend. Am Laf vum Nomëtte geet dat Ganzt méi an de Schauermodus iwwer, ier et an der Nuecht op de Sonnde méi dréche gëtt. D’Temperature klammen op 13 bis 16 Grad.

De meeschte Modellrechnunge no erwaarden eis um Sonnde keng gréisser Reequantitéiten – et gëtt de Moment just ee Modell, deen dat anescht gesäit, nämlech den europäeschen ECMWF. Dëse rechent domat, dass dat virdru kuerz ugeschwatent Randdéif matten am Dag genee iwwer Lëtzebuerg ewechzéien an eis nachemol e gréissere Batz Reen brénge soll. Déi aner Modeller gesinn dëst entweder guer net esou kommen oder schonn vill méi fréi, nämlech schonn an der Nuecht. Déi genee Entwécklung fir de Sonnden ass also nach ongewëss, d’Temperature sollten et dagsiwwer awer op tëscht 14 a 17 Grad packen.

Iwwert de ganze Weekend gekuckt, an d’Modeller GFS, ARPEGE, ICON an ECMWF mat abezunn (Stand Donneschdenowend), leien déi simuléiert akkumuléiert Reequantitéite fir de Weekend bei tëscht 17 a knapp 26 l/m².