Ënnert anerem Éisträich, Norditalien, Slowenien: Haut erëm Risk vun zolitten Onwieder mat Stuerm & Knëppelsteng

An de leschten Deeg waren ëmmer erëm Géigenden am Süde vun Europa vun zolitten Donnerwieder mat grousse Knëppelsteng a Stuerm betraff. Dëse Risk besteet och haut erëm – dës Géigende sollten den Himmel haut e bësse méi genee am Aen halen.

Advertisement

Gréissere Risk fir extreem Entwécklungen

Iwwert de südlechen Deeler vun Europa ass haut erëm mat engem héije Risk fir immens zolidd Phänomener ze rechnen. Besonnesch betraff ass d’Osthallschent vun Éisträich, de Nordweste vun Ungarn, de Weste vun der Slowakei, de Norde vun Italien & Slowenien. De Wiedermodeller no kënne grouss Knëppelsteng bis 10 cm am Duerchmiesser optrieden, déi simultan vu Stuermstéiss kënne begleet ginn. En Zenario, deen e grousst Potenzial fir Schued huet. Och Tornadoe si net ausgeschloss, deemno wéi och där méi staarker.


Den Outlook vun ESTOFEX fir haut, 24.07.2023 | Grafik: estofex.org

Den European Storm Forecast Experiment (ESTOFEX) huet fir déi genannt Géigenden e Level 3 erausginn, also déi héchst Stuf fir potenziell geféierlech Onwieder. Sollt Dir an dëse Géigenden ënnerwee sinn, dann haalt den Himmel gutt am Aen an haalt Iech iwwer Apps oder Websites mat engem Wiederradar selwer um Lafenden. Ze recommandéieren ass och blitzortung.org, wou Dir d’Blëtzer a Real Time kënnt matverfollegen.