Et gëtt waarm: Temperaturen am héichsummerleche Beräich, dozou méi schmeier

A Richtung Enn der Woch maachen eis Temperature nach e gréissere Sprong no uewen. Wéi déi lescht Kéier schonn ugedeit, ginn domat héichsummerlech Temperature vun 30 Grad a liicht driwwer zimmlech warscheinlech. Dëst ass en Update.

Advertisement

Loftmassen aus Afrika

Wéi an de leschten Updates schonn betount, wandert an de nächsten Deeg en Déifdrockgebitt westlech u Portugal laanscht op déi brittesch Inselen duer. Duerch dës Beweegung, zesumme mat héijem Loftdrock iwwert dem Nordoste vum Kontinent, ginn ëmmer méi waarm Loftmassen aus Afrika resp. dem Mëttelmierraum an eis Géigende gelenkt. Et kann een also mat engem zimmlech waarmem, mee och schmeierem Weekend rechnen.


D’Grousswiederlag fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den Temperaturverlaf

De neisten Temperaturtrend beseet, dass mir eis muer um Mëttwoch bei Maximalwäerter vun tëscht 21 a 25 Grad wäerten ophalen. Laanscht den äusserste Südoste kënnen och mol 26 Grad net ausgeschloss ginn. En Donneschde gëtt et mat 25 bis 27 Grad en Tick méi waarm, héichsummerlech Wäerter récken dann awer um Freiden u méi no. Aktuelle Berechnunge no kënnen tëscht 25 a 29 Grad optrieden, besonnesch laanscht d’Musel wieren och mol 30 Grad net ausgeschloss. E Samsde geet et mat héijen Temperature virun, tëscht 27 a 29 Grad wiere fir d’Nordhallschent ze erwaarden, an der Südhallschent ginn 30 oder esouguer 31 Grad erreecht. E Sonnde geet et riicht esou virun, momentane Berechnunge no erreeche mir op d’ganzt Land gekuckt tëscht 28 an 31 Grad.

Et gëtt awer och méi schmeier

Well sech eng südlech bis südëstlech Stréimung astellt, kënnt natierlech och en Deel vun der schmeierer Loft, déi iwwert dem Mëttelmier läit, op Lëtzebuerg gezunn. Ënnertstëtzt gëtt dat Ganzt natierlech och vum Déif, wat jo op déi brittesch Inselen hin ënnerwee ass. Duerch dëst ginn och aus Westen méi fiicht Loftmassen op Frankräich duer gelenkt, wat dozou féiere wäert, dass och schonn an dëser Woch lokal Hëtzt-Donnerwieder iwwert dem Hexagon kënnen optrieden.

Déi mannst Modeller rechnen zwar domat, mee et ginn eenzel Berechnungen déi fir de Weekend och eenzel Schaueren zu Lëtzebuerg gesinn. Fir Détailer ass et awer nach ze fréi.