Europa: D’Dréchent ass warscheinlech déi schlëmmst zanter 500 Joer

Net nëmmen zu Lëtzebuerg ass et dëse Summer immens dréchen, mee och an eise Nopeschlänner. Bal d'Hallschent vum Kontinent ass betraff.

Dréchent ass alarméierend

Et steet ausser Fro, dass de Summer 2022 op verschiddensten Aart a Weisen historesch ass. Déi definitiv Zuele musse natierlech bis Ufanks Hierscht ofgewaart ginn, mee besonnesch a Saachen Duerchschnëttstemperatur, Sonnestonnen an eben och Nidderschlagsquantitéite stinn e puer Rekorder op der Kipp. Dëse Summer ass ouni Zweiwel immens markant – e Virgeschmaach fir dat, wat duerch de Klimawandel vun der Frequenz hier weider zouhuele wäert.


Dës Kaart weist, wéi staark den europäesche Kontinent vun der Dréchent betraff ass – Stand August 2022 | Grafik: Tagesschau.de

Europäeschen Experte no ass d’Hallschent vum Kontinent vun enger Dréchent betraff, op 17 Prozent vun der Fläch wier se esouguer alarméierend. Dëst sinn staark, mee leider och genee esou traureg Zuelen. D’Dréchent geet net nëmmen op den Ufank vum Summer zréck, mee esouguer op den Ufank vum Joer. Vill Regiounen an Europa hunn d’Joer nämlech schonn mat engem Reendefizit ugefaangen, deen sech dunn an de Méint drop ëmmer weider intensivéiert huet. Zanter Mee koumen dunn och ëmmer erëm markant Hëtztwellen an d’Spill, déi dëst Joer vun hirer Unzuel a Frequenz hier och eng aussergewéinlech Roll spillen.

Flëss féiere Niddregwaasser, oder sinn deels ausgedréchent. D’Loire a Frankräich, fir e Beispill ze nennen, huet den déifste Stand zanter 1976 erreecht. Oder och de Rhein a Nordrhein-Westfalen, deen e Rekordpeegel vu 0 erreecht huet (de Peegel gëtt allerdings net um absolute Buedem gemooss, de Floss féiert nämlech ëmmer nach Waasser dat vu Schëffer befuer gëtt).

Déi endgülteg Zuele musse nach bis Enn vun der Saison ofgewaart ginn – allerdéngs geet een dovun aus, dass de Kontinent vun der schlëmmster Dréchent zanter 500 Joer betraff ass.

Dréchenten hänke mam Klimawandel zesummen

Dréchenten huet et schonn ëmmer ginn, genee wéi Hëtztwellen. Just ass et d’Frequenz, déi engem Suerge mécht – ëmmer méi oft trieden dës Phänomener op, wat am direkten Zesummenhang mam Klimawandel an der Äerderwiermung hänkt. Bei weiderer Erwiermung kënnen des Phänomener och nach méi zolitt ausfalen.