“Heat Dome”: Tëscht 45° & 50°C iwwer Deeler vu Südeuropa & Nordafrika erwaart

Iwwer Südeuropa gëtt et an de nächsten Deeg esou waarm, dass et schonn bal net méi auszehalen ass. E Mëttwoch kéinten esouguer 47 Grad op Sardinien gemooss ginn, iwwert dem nërdlechsten Afrika gëtt et nach en Tick méi waarm.

Advertisement

Heat Dome fir déi extreem Hëtzt verantwortlech

De Moment bleift net nëmmen en Héichdrockgebitt iwwert dem Süde vun Europa hänken, mee et handelt sech dobäi ëmt e sougenannten “Heat Dome”. Dobäi gëtt d’Loft aus der Atmosphär innerhalb vum Héichdrockgebitt mat héijem Drock op de Buedem gedréckt, iwwerdeems se kompriméiert an doduerch signifikant erhëtzt gëtt. Um Buedem gëtt et doduerch immens waarm an d’Hëtzt ka net wierklech entwëschen. Eppes änleches wéi eng riseg Glaskugel mat immens waarmer Loft dran entsteet.

50 Grad am äusserste Norde vun Afrika, Deeler vun Italien mat 47 Grad

D’Hëtzt, déi an de nächsten Deeg usteet, ass net méi wierklech auszehalen an alles anescht wéi normal – och wann et sech heibäi ëm waarm Länner handelt. D’Auswierkungen dierfte leider dramatesch ausfalen.


D’Loftmassen an 1,5 Kilometer Héicht: Se verlagere sech bis Enn der Woch nëmme lues a Richtung Osten | Animatioun: wxcharts.com

Vum Sonnden un ëmmer méi waarm

Elo schonn ass et zimmlech waarm iwwer Südeuropa. Vum Sonnden u soll et awer ufänke nach vill méi waarm ze ginn.

A Spuenien ass fir d’éischt mol de Süden drun, am Raum Cordoba & Baza si Maximaltemperature vun tëscht 36 an 38 Grad ze erwaarde, punktuell ka schonn mol un de 40 Grad gekrazt ginn. Am äusserste Norde vun Afrika klëmmt den Thermometer viraussiichtlech op bis ëm 44 Grad, an Tunesien kënne bei Jendouba bis zu 47 Grad optrieden. Sardinien zielt och zu enger massiv betraffener Géigend, dat mat 43 Grad am Süde vun der Insel, soss awer bis 41 Grad. Iwwert dem Rescht vun Italie gëtt et och méi waarm, Sizilien stécht e Sonnde mat potenziellen 40 Grad eraus.

En Dënschde si schonn méi grouss Deeler vu Spuenie betraff, virun allem awer de Raum Tomelloso, Linares, Cordoba, Jaén a Baza sinn tëscht 40 a 45 Grad ze erwaarden. Am äusserte Norde vun Afrika gëtt et 47 Grad waarm, iwwerdeems iwwer groussen Deeler vun Tuneien 45 Grad ze erwaarde sinn. Sardinien erwiermt sech zu engem Groussdeel op tëscht 38 a 43 Grad, de Maximum gëtt bei Biddacidru mat ëm 45 Grad erwaart. Sizilien ass mat knapp iwwer 40 Grad dobäi. Och op anere Plazen an Italie gëtt et waarm, zu San Severo kënne bis ëm 43 Grad optrieden, zu Roum 40 Grad a nërdlech vu Fondi 42 Grad

De Mëttwoch rëtsche mir an den extreeme Beräich. Och méi nërdlech Deeler vu Spuenien wäerte vun der immenser Hëtzt betraff sinn, dorënner Tudela, Saragossa, Alcaniz & Lleida mat 42 bis 46 Grad. Am äusserste Norde vun Afrika ass et esouwäit, et gëtt un de 50 Grad gekrazt! Iwwer groussen Deeler vun Tunesien ass et 40 bis 47 Grad waarm. An Italien klëmmt den Thermometer iwwer Sardinien op extreem 41 bis 45 Grad, ronderëmt Villacidro kënnen esouguer 47 Grad erreecht ginn. Zu Roum ass mat 42 Grad ze rechnen, nërdlech vu Fondi 43 Grad. Op Sizilien ass et mat 44 Grad net besser.

Dës extreem Hëtzt léisst a Richtung Enn der Woch nëmmen a ganz klenge Schrëtter no. Eng wierklech bedenklech Zäit steet un, déi leider erëm vill Leit d’Liewe wäert kaschten.