Hëtztwell: Frankräich bereet sech op aussergewéinlech héich Temperature vir

No den éischten hëtzegen Deeg mat 37 Grad a Südfrankräich breede sech d’Loftmassen an de nächsten Deeg iwwert dem Gros vum Land aus. Et gëtt ongewéinlech waarm.

Rekordwäerter a Reechwäit

D’Temperaturen, déi fir déi nächst Deeg fir Géigenden a Frankräich gerechent ginn, si net wäit fort vun der héchster jeemools gemoossener Temperatur. Dës gouf den 28. Juni 2019 zu Gallargues-le-Montueux a Südfrankräich registréiert, den Thermometer hat 45,9 Grad ugewisen. Egal ob et dës Kéier fir dëse Rekord duergoe wäert oder net, ass et ganz gutt méiglech, dass un e puer Statiounen duerch Frankräich verdeelt nei Rekorder kéinte gemooss ginn. Wann ee sech dann och nach virun Aen féiert, dass mir mol nach net kalendaresche Summer hunn, gëtt däitlech, wéi verfréit dës extrem Temperaturen dach sinn. Eng ongewéinlech Situatioun fir Mëtt Juni also.


D'Maximaltemperature fir de Samsden iwwer Frankräich | Grafik: ICON-Modell, wxcharts.com

E Modell, dee staark opfält, ass den däitschen ICON. Dëse rechent um Freiden mat engem Maximum vu bis zu 43 Grad am Südweste vu Frankräich. De Maximum soll um Freide mat 45 Grad erreecht ginn, dat am Raum Mont-de-Marsan, och am Südwesten. An enger Sträif vun Südwesten iwwert de Westen bis esouguer erop op Saint-Dizier ginn Temperature vu bis zu 40 Grad berechent, och Paräis wier vun dëse Wäerter betraff. Un der Grenz zu Lëtzebuerg ass de Modell mat 38 Grad ënnerwee. Den ARPEGE rechent et änlech, mee méi wäit ëstlech: nërdlech vun Toulouse ginn 43 Grad simuléiert, fir de Raum Paräis 41 Grad a fir d’Grenz zu Lëtzebuerg 38 Grad.

Den europäeschen ECMWF gesäit et net grad esou waarm kommen. Fir den äusserste Südweste vu Frankräich, an och nëmme lokal begrenzt, gesäit en eng 44 Grad. De Maximum läit gréisstendeels bei 40 Grad. Fir de Rescht vum Land soll den Thermometer op 38 Grad klammen, am Grenzgebitt zu Lëtzebuerg 35 Grad.

Egal wéi eng vun dëse Berechnunge wäert zoutreffen: dës Hëtzt ass fir Mëtt Juni aussergewéinlech.