Hoffnung fir Wanterfrënn? Modeller weise Signaler fir Schnéi-Comeback

Dem meteorologesche Wanter bleift nach e bësse manner wéi en halwe Mount bis en duerch ass. De Modeller no ass e Comeback vum Schnéi bis dohi net ausgeschloss.

Advertisement

Ëmstellung vun der Grousswiederlag

Ier mir méi wäit kucken, hei nach den Hiweis, dass et sech heibäi ëmt eng (nach) méi spekulativ Perspektiv handelt. Sollten d’Berechnungen awer esou änlech bleiwe wéi de Moment, da kéint et sinn, dass mir geschwënn de Schnéi erëmgesinn.


D’Entwécklung a Richtung iwwernächste Weekend laut GFS | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Am Laf vun der nächster Woch soll sech de Modeller no eis Grousswiederlag alt erëm ëmstellen. A Richtung Donneschde soll sech e grousst Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik breetmaachen, iwwerdeems en Déifdrockgebitt vu Skandinavien hier a Richtung Tschechien erofzitt. Duerch dës Beweegung entsteet e Stréimungsmuster, wat d’Zoufuer vu killer mee och fiichter Loft zouloosse géif, an dat och riicht op Lëtzebuerg duer. Schonn vum Mëttwochowend u soll et dem amerikanesche Wiedermodell no méiglech sinn, dass de Reen lues a lues a Schnéifall iwwergeet. Vum Donneschde bis de Samsde soll et dann méi oft schneien, ier sech fir e Sonnden en Héichdrockgebitt iwwert eis leeë soll.


D’Entwécklung a Richtung iwwernächste Weekend laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

AWER… den europäesche Modell ECMWF gesäit dat Ganzt e bëssen anescht. Iwwert dem Atlantik soll sech zwar en Héichdrockgebitt positionnéieren, allerdéngs quetscht sech en Déifdrockgebitt dotëscht, wat esou zimmlech genee iwwer Nordfrankräich & BeNeLux zirkuléiere soll. En Deel vun der killer a fiichter Loft géif zwar och op Lëtzebuerg kommen, mee et wier manner kal wéi z.B déi amerikanesch Berechnung et beseet. Dëse Modell hei ass dem Schnéi géigeniwwer also méi pessimistesch agestallt.

Fazit

Dat hei war, wéi gesot, e spekulativen Ausbléck. Iergendeppes schéngt sech awer a Richtung Mëttwoch/Donneschden ze doen – a wann d’Wanterfrënn Chance hunn, da weist sech de Schnéi nach eng Kéier, ier mir meteorologesch esouwéi kalendaresch dem Fréijoer ëmmer méi no kommen.