Iwwerduerchschnëttlech waarm: Bis Mëttwoch bis zu 15 Grad net ausgeschloss

Wann een op déi lescht Woche kuckt, kann ee wat d’Temperaturen ugeet wuel vun enger Ronn mat der Achterbunn schwätzen. Elo soll et op 10 Grad an eventuell esouguer driwwer eraus goen.

Wéi och schonn am Wochenausbléck thematiséiert, steet eis wuel eng naass, mee iwwerdeems och richteg mëll Woch un. D’Temperature si wäit iwwert dem wanterleche Niveau ënnerwee a kéinten et esouguer op fréijoersméisseg Verhältnisser packen. Grond dofir ass en Héichdrockgebitt, wat Ufanks der Woch iwwer Spuenie läit a sech bis den Donneschden iwwer Frankräich ëmmer méi no un eis Groussregioun eruntaascht. Zur selwechter Zäit läit e gréisseren Déifdrocksystem iwwert dem Atlantik. Duerch dës Kombinatioun ginn iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen aus dem Süden a Südwesteuropa an eis Géigende gedréckt a suerge fir Temperaturen, déi fir e Wanter definitiv ze héich sinn. Dass et iwwerduerchschnëttlech waarm gëtt, ass sécher – just ass nach net gewosst, ob déi de Moment simuléiert 15 Grad tatsächlech optrieden.


D’Kombinatioun aus déiwem Loftdrock um Atlantik an héijem Loftdrock iwwer Südwesteuropa ass fir déi waarm Aussiichte verantwortlech | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den Temperaturverlaf

Wéi et de Moment ausgesäit, klammen d’Temperaturen um Méinden op e Maximum vun tëscht 7 a 9 Grad. An der Nuecht op den Dënschde fale se net wierklech, mee pendle sech esouguer tëscht 6 an 10 Grad an. Um Dënschde sinn tëscht 7 an 11 Grad ze erwaarden, ier se an der Nuecht op de Mëttwoch op tëscht 6 a 9 Grad zréckginn. Um Mëttwoch iwwer wieren dagsiwwer Wäerter vu bis zu 10 bis 13 Grad ze erwaarden, wat manner waarm wier, wéi an der Nuecht op den Donneschden. Der Auswäertung vu sëllege Modeller no sollen d’Temperature nämlech wärend de Nuetsstonne weider klammen a sech tëscht 10 a 15 Grad apendlen. Natierlech ass et nach eng gutt Zäit bis dohin, mee fir déi wanterlech Joreszäit wier dëst op alle Fall eng uerdentlech Hausnummer. Météo Boulaide hält Iech dozou natierlech um Lafenden.