Klimabilan: Esou war de Summer 2023 zu Lëtzebuerg

War de meteorologesche Summer wierklech esou schlecht, oder hu mir eis einfach ze séier un déi vill ze waarm vergaange Joren gewinnt? E Réckbléck.

Advertisement

Advertisement

Am Laf vum Juli ass et gekippt

Dësen Artikel baséiert op de Klimadonnéeën, déi de Summer iwwer un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel opgezeechent goufen.

Wéi een et schonn konnt ofgesinn, kann een de meteorologesche Summer vun dësem Joer an zwou Hallschenden opdeelen: De Juni war en immens waarmen an dréchene Mount. Mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 19,8°C louche mir 3,1°C iwwert dem Duerchschnëtt – zesumme mam Juni 2003 war et de wäermste Juni-Mount zanter Opzeechnungsufank. Wat de Reen betrëfft goufe just 16,6 l/m² gemooss, normal sinn 75,6 l/m². Och wat d’Sonnestonnen ugeet huet de Juni e neie Rekord opgestallt, mat 337,8 Stonnen huet se 96,6 Stonne méi laang geschéngt wéi normalerweis.

Eréischt vun der leschter Woch Juli un huet d’Wieder ugefaangen ëmzeschloen, esoudass et bis den August inclus zimmlech variabel gouf. Am Juli ass eng Temperaturmoyenne vun 18,5°C gemooss ginn, wat just 0,2°C ënnert der Moyenne läit – et war also vun den Temperaturen hier e normale Mount an definitiv näischt, wat een als “kee Summer” ka bezeechnen. De Reen huet sech mat 83,8 l/m² e bësse méi gewisen, wéi dat normalerweis (71,5 l/m²) de Fall wier. Am August ass et duerch déi variabel Wiederlag e gutt Stéck biergof gaange mat eisen Temperaturen, eng Moyenne vu 17,8°C gouf gemooss, woubäi 18,4°C fir de Mount normal gewiescht wieren. Mat 116,6 l/m² amplaz vu 71,9 l/m² war den August och en immens reenerege Mount.

Summer war liicht iwwerduerchschnëttlech waarm

Wa mir elo dat ganzt Bild kucken, da kënnt een op de Fazit, dass de Summer 2023 mat enger Temperaturmoyenne vun 18,7°C ëm 0,8°C méi héich louch wéi den Duerchschnëtt, deen an de Joren 1991 bis 2020 gemooss gouf (17,9°C). Dat heescht, dass mir trotz der Verschlechterung vum Wieder am Laf vum Juli an och de ganzen August iwwer, e liicht iwwerduerchschnëttlech waarme Summer haten, och wann dat net onbedingt dem Gefill no esou war. Dëst Gefill ass dorop zréckzeféieren, dass mir eis ze séier un déi däitlech nach méi waarm rezent vergaange Summere gewinnt hunn. Wann ee sech reng op déi wëssenschaftlech Donnéeë bezitt, war de Summer guer net mol esou schlecht.

Um Findel si 37 Summerdeeg registréiert ginn – also Deeg, un deenen d’Temperatur op op d’mannst 25°C klëmmt. Der Klima-Moyenne no sinn et 31,5 Deeg, wat also erëm d’Zeilen vu virdrun ënnersträicht. Dass sech déi méi extreem Hëtztperioden awer am Juli an August a Grenzen gehalen hunn, weisen d’Hëtzt-Deeg, där et dës Kéier just 4 amplaz 7,2 um Findel gouf.

Iwwert de Summer als Gesamtbild gekuckt duerchschnëttlech naass

Trotz der naasser drëtter Juli-Dekad & dem August si mir duerch den immens dréchene Juni bei enger Zomm vun 219 l/m² Reen um Findel erauskomm, wat just 2 l/m² iwwert der laangjäreger Moyenne läit. De Juni 2023 war den drëtt dréchenste Juni-Mount un der Statioun vum staatleche Wiederdéngscht. De Rekord geet ëmmer nach op de Juni 1962 zréck, an dem et just 4,6 l/m² gereent huet. Am ganze goufen 38 Reen-Deeg gezielt – also Deeg, un deenen et op d’mannst 0,1 l/m² reent. Dat kënnt bal beim duerchschnëttleche Wäert vu 40,2 Deeg eraus.

Iwwerduerchschnëttlech sonneg

Nach eppes, wat een duerch déi variabel Phas an der zweeter Summerhallschent net geduecht hätt: Am grousse Ganze gekuckt war de Summer 2023 mat 781,4 Stonne méi sonneg wéi normal, d’Moyenne läit nämlech bei 735,9 Stonnen. Am Juni huet d’Sonn 337,8 Stonne geschéngt, wat jo wéi gesot e neie Rekord war. De Juli war dunn “just” nach mat 235,9 Stonnen amplaz vu 257,6 Stonnen dobäi. Am August waren et 207,7 Stonnen amplaz vun 237,1 Stonnen.

Donnéeën: MeteoLux